Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Disco Dans Ta Cave

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Logements-Acteure gesi sech am Januar

Fir iwwer d'Wunnengskris ze schwätzen

Logements-Acteure gesi sech am Januar

Am Januar soll een nationaalt Logements-Treffe sinn un deem all d’Acteure sollen zesummen iwwert d’Immobilien- a Wunnengskris diskutéieren. Dat sot den zoustännege Minister Claude Meisch, den Donneschdeg an der Chamberkommissioun. Investisseure solle gehollef kréie fir eng Immobiliëkris ze verhënneren.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Illustratioun Logement Constructioun | © Robert Cumming play_arrow
Foto: Bigstock / Robert Cumming

Konkretes iwwert de Koalitiounsprogramm am Beräich Logement ass jo scho bekannt. D'Investisseure kréien eng ganz Rei fiskal Moossname proposéiert, an dat scho vum nächste Joer un, seet de Logementsminister Claude Meisch.

“Mir wëllen, wat de Logement ubelaangt, relativ schnell de Marché dynamiséieren virun allem iwwert eng Rei vu steierlechen Mesuren.“

Doriwwer eraus sollen d‘Prozeduren accéléréiert ginn, fir datt méi séier gebaut ka ginn a mëttelfristeg soll de staatlechen Immobilie-Park vu Locatiounswunnenge méi grouss ginn.

Oppositioun: D'Regierung bleift Äntwerte fir Locatairë schëlleg

D’Regierung géif op al Rezepter zeréckgéifen, déi net funktionéiert haten, kritiséiert d’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding. D‘CSV an d‘DP géifen och just eng Investisseure bedéngen an dobäi Mesure vernoléissegen déi Locatairë kéinten hëllefen.

Och de Marc Goergen, Deputéierte vun de Piraten, ass där Meenung.

“Am Moment sinn d'Loyeren immens héich, well eeben d'Leit keng Kreditter kréien, wann e wëllt fir sech wunne goen, muss der lounen, da gëtt iech net gehollef am Moment. Op där anerer Säit hu mer nach ëmmer de Problem mat den Zënsen, déi an d'Luucht ginn, ech krut och nach ëmmer keng Detailer genannt, wéi vill Scholdzënsen een dovu kann ofsetzen.“

François Bausch: Regierung gëtt hirem Usproch net gerecht

Datt den DP-Minister nieft der Educatioun och nach Logement a Landesplanung hätt, wier net optimal, well een éischter d'Gemenge bräicht, fir de Logement virunzedreiwen, betount de François Bausch vun déi Gréng.

“Mir brauchen d'Gemengen hei am Kader vun de PAGen, Baulandverträg, Bauperimeter, do spillen d'Gemengen eng Roll, an do spillt den Inneminister eng ganz zentral Roll.“

Déi nei Regierung géif hirem Usproch net gerecht ginn fir wichteg Ministèren ze bündelen an doduerch a verschiddenen Dossieren eng besser Koordinatioun ze kréien.

Alex Donnersbasch: Regierung hëlt kuerz- a laangfristeg Mesuren

Et stéing een hannert dem DP-Minister, esou den Alex Donnersbach vun der CSV. “Ech mengen, et si ganz vill CSV-Iddeeën an déi Logementspartie mat agefloss. Engersäits hu mer jo eng Baukris an do hu mer all déi fiskal Mesuren, déi elo musse relativ séier kommen.“

Op der anerer Säit hätt een et mat enger laangfristeger Logementskris ze dinn op déi de Koalitiounsprogramm och eng Rei Äntwerte géif liwweren.

An der leschter Legislaturperiod goufen eng Rei Moossname geplangt, ënnert anerem de Baulandvertrag, dee soll vun der neier Majoritéit och mat iwwerholl ginn, betount d'LSAP-Deputéiert Taina Bofferding. Si hofft, datt d'Regierung dee Gesetzprojet, dee vum Staatsrot awer zum Deel verworf gouf, elo adaptéiert an ëmsetzt.

Lauschterenplay_arrow

Logement
Politik a Gesellschaft