Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Doechii - Slide

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luc Frieden: Muss nach vill iwwer Kanneraarmut léieren

Caritas-Forum

Luc Frieden: Muss nach vill iwwer Kanneraarmut léieren

Hien hätt nach Nachholbedarf beim Theema Kanneraarmut, sot de Lëtzebuerger Premierminister den Donneschdeg um Caritas-Forum. De Phenomeen vun der Kanneraarmut wier inakzeptabel, mee et géif net eng Léisung ginn.

auto_stories

2 min

© Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

Méi wéi 300 Leit hunn un de verschiddene Symposien a Konferenze matgemaach, déi d’Caritas vun e Mëttwoch Owend u bis en Donneschden den Owend organiséiert hat. Dorënner de Premier Luc Frieden an de Familljeminister Max Hahn. De Phenomeen vun der Kanneraarmut wier inacceptabel.

Et géif net eng eenzeg Léisung ginn, esou nach d’Wierder vum Premier.

Leit um Terrain méi an Decisiounen abannen

Effektiv sinn d’Intervenanten, dorënner de Paul Heber vun der Unicef, de René Schmit, fréieren Direkter vun de staatleche Kannerheemer oder nach de Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, fir der nëmmen e puer ze nennen, mat enger ganzer Partie Conclusioune komm. Dorënner zum Beispill, datt d’Leit um Terrain méi missten an d’politesch Decisioune matagebonne ginn an net just assistéieren, erkläert d’Fabienne Steffen, Directrice vun der Fondation Elisabeth.

Eng Iddi déi de Premier gäre mat an d’Regierung wéilt huelen, fir weider drun ze schaffen.

Sozial Leeschtunge méi visibel maachen

Eng weider Conclusioun um Caritas Forum war, datt déi vill sozial Leeschtungen, déi et scho ginn, méi visibel an zougänglech misste gemaach ginn. Och do ware sech de Premier an de Familljeminister eens. Dat géif elo eng vun de Prioritéite ginn, déi Prestatioune méi bekannt ze maachen a wa méiglech ze automatiséieren.

Et misst och méi Weiderbildung ginn, fir d‘Leit um Terrain an och soss jiddwereen zu Lëtzebuerg a fir d‘Politiker, betount de Max Hahn.

"Keen ass egal"

Zum Schluss war et dann nach e philosopheschen Denkustouss vun der Moderatrice a Philosophin Nora Schleich:

"Wat eng Chance sech mat all Neiufank opdoe kann, a wat e Verbriechen, déi nei Ufäng vu vireran ze erdrécken, ze erstécken an ze beurteelen. An dat kenne mir besser. A mir sinn hei an der Lag och d’Verantwortung fir d‘Matwelt gemeinsam ze iwwerhuelen an nei ufänken ze loossen. Amor mundi, keen ass egal.“

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft