Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden: Nei Regierung gesäit eng Zukunft fir d’Atomenergie

INTERNATIONALEN ATOMENERGIE-SOMMET ZU BRÉISSEL

Luc Frieden: Nei Regierung gesäit eng Zukunft fir d’Atomenergie

​​​​​​​Déi nei Lëtzebuerger Regierung wier “technologie-oppen, wat d’Zukunft vun der Atomenergie ugeet”. D’Fuerschung an deem Beräich misst ënnerstëtzt ginn, och mat EU-Suen, sou de Premier Luc Frieden zu Bréissel um Ufank vum Sommet  vun de 27 Staats- a Regierungscheffen aus der EU.

auto_stories

2 min

Luc Frieden | © picture alliance/dpa | Harald Tittel
Foto: Eurpean Union

Zu Bréissel sinn haut zwee Sommeten. Eemol kommen d’Staats- a Regierungscheffen aus der EU zesummen. Dernieft huet déi international Atomenergieagence an déi belsch EU-Presidence op eng international Reunioun invitéiert, fir iwwert d’Zukunft vun der Atomenergie ze diskutéieren.

Ëmweltaktivisten haten den Oflaf vun dem Atomenergie-Sommet gestéiert. Enner anerem wéinst enger Aktioun vu Greenpeace hu d’Riede vun de Staats- a Regierungscheffen aus 13 verschiddene Länner missen ënnerbrach ginn.

“Des Regierung ass manner ideologesch”

Déi nei Lëtzebuerger Regierung wier par rapport zur Atomenergie manner ideologesch a méi zukunftsorientéiert. Dat sot iwwerdeems de Premier Luc Frieden, wéi hien op der Reunioun vun den EU-Staats- a Regierungscheffen ukomm ass, déi haut a muer och zu Bréissel ass.

Lëtzebuerg wier nach ëmmer dofir, datt déi Atomzentralen an der franséischer a belscher Grenzregioun missten zougemaach ginn, sou den CSV-Politiker. D’Regierung hätt och net wëlles, een Atomkraaftwierk zu Lëtzebuerg ze bauen an d’Froe vun der Sécherheet an dem nuklearen Offall misste gekläert ginn.

Fuerschung iwwer Nuklearenergie ënnerstëtzen - och mat EU-Suen

Des Regierung géif awer eng aner Direktioun aschloen ewéi déi viregt, wat d’Zukunft vun der Atomenergie ugeet. Si wier technologie-oppen, wat d’Entwécklung vun der Atomenergie ugeet. Déi nuklear Fuerschung misst ënnerstëtzt ginn, och mat EU-Suen. Dogéint hat sech déi blo-rout-gréng Koalitioun op EU-Niveau an de leschte Joren zesumme mat anere Länner agesat.

Et wier eng Tatsaach, datt “ee ganz groussen Deel vun der Energie an Europa aus nukleare Quelle kënnt”, sou de Luc Frieden. 

Hie géing och feststellen, datt op deem Atomenergie-Sommet déi zwee Benelux-Partner vum Grand-Duché vertruede sinn. Lëtzebuerg wéilt Aneren net virschreiwen, wéi si vu fossiller Energie fortkommen. Dofir wier de Grand-Duché net grouss genuch. Et misst ee realiséieren, datt d’Nuklearenergie vu muer net déi ass vu Cattenom oder Tihange vu virun 30 oder 40 Joer, sou de Lëtzebuerger Premier.

Aktualitéit
Europa
Politik a Gesellschaft