Radioen

On air

Soundcheck  |  Patrice Rushen - Settle For My Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Siebenaller: Wichteg, datt Programmer mat ONGe weidergefouert ginn

Kooperatioun an der Sahelzon

Luc Siebenaller: Wichteg, datt Programmer mat ONGe weidergefouert ginn

Et wier eng verstänneg Decisioun, vum Kooperatiounsministère, d’Partenariater mat dräi Länner an der Sahelzon auslafen ze loossen. Dat fënnt de President vum Cerlce des ONGD. Dat heescht och net onbedéngt, datt Projete mat de lokalen ONGen ophalen.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow

De Xavier Bettel huet ugekënnegt, datt d’Regierung mat de Militärregierungen, déi sech am Mali, am Burkina Faso an am Niger un d’Muecht geputscht hunn, keng nei Programmer méi op de Wee brénge wëll. Dat géif awer net bedeiten, datt si d’Projete vun de Lëtzebuerger ONGen an där Regioun net méi géif cofinanzéieren, mengt de Luc Siebenaller. 

"Ech mengen, d'ONGe wäerten och do weider maachen. Well där lokaler Populatioun, och wann et Regierungswiessele gëtt, geet et dofir momentan net besser. Au contraire, ech mengen d'Situatioun ass zimmlech dramatesch zur Zäit. An dofir ass et och ganz wichteg, dass déi Hëllef vun den ONGe weider ka bestoe bleiwen."

"Gelder ginn och elo schonn net direkt un d'Regierung"

Déi Programmer géife schonn zanter Joerzéngte lafen an net radikal ganz ofgebrach ginn. De Luc Siebenaller gesäit och keng Gefor, datt déi Lëtzebuerger Gelder do fir aner Zwecker wéi geduecht kéinte mëssbraucht ginn

"Déi ginn och elo schonn net méi direkt un d'Regierung. Dat heescht d'Objektiver gi weider verfollegt, zum Beispill an der Éducation d'urgence ginn Urgence-Schoule gebaut. Do ginn d'Suen dann net méi direkt un dat lokaalt Gouvernement, mee do sinn der lokal Partner, ONGen och zum Deel, déi dann de Budget, deen nach iwwreg ass vum leschte Programm, lokal verschaffen."

Fir Projeten zesumme mat ONGen op der Plaz, wier viru kuerzem nach een Accord-Cadre iwwer fënnef Joer ënnerschriwwe ginn, ënnersträicht de President vum Cercle des ONGD.

Mat de neie Militärregimer an deenen dräi Länner, Mali, Burkina Faso a Niger, net weider ze féiere wier awer éischter eng "vernënfteg Entscheedung", fënnt de Luc Siebenaller. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview