Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LuxFilmfest Digest (3)

Kultur

LuxFilmfest Digest (3)

Am drëtten Deel vun de Kriticken zu de Filmer, déi um Luxfilmfest lafen, ginn d'Filmer “Essential truths of the lake”, “Hoard”, “Gasoline Rainbow” an “Terrestrial Verses” anaylséiert.

auto_stories

6 min

“Essential truth of the lake” vum Lav Diaz  | © Epicmedia, Sine Olivia Pilipinas, Films Boutique, Rosa Filmes, Tier Pictures, ARTE France
“Essential truth of the lake” vum Lav Diaz (Foto: Epicmedia, Sine Olivia Pilipinas, Films Boutique, Rosa Filmes, Tier Pictures, ARTE France)

“Essential truths of the lake” vum Lav Diaz (Kompetitioun – Fiktioun)

E philippinnesche Flic rullt nees eng al Affär ëm déi vermëssten Actrice Esmeralda Stuart, genannt “Adler vun de Philippinnen”, op. Den Impuls fir säin deemolegen Echec guttzemaachen, kënnt vu sengem schlechte Gewëssen. Entgéint sengen ethesche Virstellunge war hien an dem fréiere President Rodrigo Duterte (2016-2022) säi brutale Kräizzuch géint d’Drogekriminalitéit agespaant ginn: presuméiert Dealere goufen deemools zum Fräiwëld erkläert an en masse ouni Prozess op oppener Strooss erschoss.

Nieft enger Ofrechnung mat der méi wéi ëmstriddener Duterte-Presidence, thematiséiert de philippinnesche Realisateur Lav Diaz och d’Liewensbedingunge vun der majoritärer aarmer Populatioun a sengem Land, grad ewéi d’Gewalt géint d’Fraen an enger duerch an duerch machistescher Gesellschaft.

Dem Flic seng obsessiv Enquête, déi bis zur Identifikatioun mam “Adler vun de Philippinne” geet, suergt fir visuell poetesch Momenter, déi och dem Lav Diaz säi Sënn Bildkompositioun ënnersträichen. De philippinnesche Cineast ass alles anescht wéi en Ufänger. Leider ass säi Wierk - bis op de Publikum vun internationale Festivallen – kaum bekannt. Seng Filmer, déi bis zu aacht Stonne kënnen daueren, si fir eng kommerziell Exploitatioun einfach ze laang – deen heiten dauert der “just” dräi an eng hallef... Souwisou: ass d’Dauer vun engem Kinosfilm an Zäite vu binge watching via Streamingplattformen iwwerhaapt nach en Argument?

Mee och seng Ästhetik wierkt op den éischte Bléck relativ schwiereg: schwaarz-wäiss, laang fix Plan séquencen (an Dialogzeenen), iwwer laang Zäiten “handlungsaarm”... De Lav Diaz produzéiert hei e kontemplative Kino, deen eis Erfarung als Spectateur a Fro stellt. Well eise Bléck vum kommerziellen amerikanesche Kino dresséiert ass, empfanne mer et schonn als Zoumuddung, wärend fënnef Minutten nozekucken, wéi de Protagonist bei engem Lagerfeier läit...

Déi dominant Hollywood-Standarden (de Spectateur gëtt permanent bei der Staang gehalen) loossen engem keng Zäit fir z’iwwerleeën oder eng Stëmmung op sech awierken ze loossen. Genee dora besteet awer den Interêt vun engem Film ewéi “Essential truths of the lake”: sech vun de Wellen, sech vum Wand an de Palmen hypnotiséieren ze loossen, fir um Enn vläicht mat grondleeënde Wourechte belount ze ginn...

“Hoard” vun der Luna Carmoon (Kompetitioun – Fiktioun)

Filmesch Duerstellunge vu bizarre-perverser Sexualitéit vergësst een net esou einfach: erotesch Loscht an Zesummenhang mat Autosaccidenter (“Crash”, David Cronenberg), Sex mat engem Auto (“Titane”, Julia Ducourneau), Sex mat engem Kiermesspill (“Jumbo”, Zoé Wittock)... Mat hirem Debutfilm komplettéiert d’Englännerin Luna Carmoon déi Sammlung mam Messie-Syndrom (oder “hoarding”): Mënsche mat där psychescher Stéierung hu Schwieregkeeten, sech vun Objeten ze trennen. Ugefaange mam Offal, deen se net kënnen ewech geheien...

Sou wiisst d’Haaptprotagonistin Maria an enger Wunneng op, déi hir elengerzéiend Mamm mat all méiglechem Krëppeng fëllt. D’Zëmmere sinn därmoossen zougemüllt, datt ee Krämpes huet, d’Hausdier opzemaachen. D’Duechter kritt verbueden, sief et nëmmen d’Orangëschuelen oder de Sëlwerpabeier vun der Schmier an den Drecksbac ze geheien – den Alu léisst sech jo als Chrëschtdeko recycléieren... An awer geléngt et der Mamm, d’Resultat vun hirem Sammelzwang (en Dreckstipp tëschent den eegene véier Maueren) als fantastesch Mäerchewelt ze verklären.

Jore méi spéit - d’Maria (Saura Lightfoot Leon) als jonk Fra wunnt an Tëschenzäit scho laang bei enger Pfleegemamm - vermëscht sech d’Erënnerung un déi sënnlech Andréck aus der Kandheet mam sexuellen Driff. E jonke Mann (selwer Kand vun drogesüchtegen Elteren), deen et am Haus vun der Ersatzmamm kenneléiert, versteet instinktiv, wéi en der Maria hir Loscht ausléise kann. An als Kiwwel-Aarbechter bréngt hie souwisou deen néidege Sex-Appeal mat!

Eng ambivalent Ugeleeënheet: engersäits Regressioun an déi geierfte psychesch Krankheet vun der richteger Mamm, déi eng Klammer vu relativer psychescher “Normalitéit” nees zoumécht. Anerersäits d’Entdeckung vun der (physescher) Léift. Leed a Gléck leien net nëmme ganz no beieneen: dës géigesätzlech Gefiller, bei déi och nach den Deuil dobäikënnt, sinn hei (och fir de Spectateur) onzertrennlech matenee verflecht an enger Zort ofstoussender Extas. Verréckt amour fou-Geschichte wéi “Hoard” kritt ee leider net genuch am Kino zerwéiert!

“Gasoline Rainbow” vum Bill an Turner Ross (Kompetitioun – Fiktioun)

Fënnef Jugendlecher (dräi Jongen, zwee Meedercher), déi sech an hirem Kaff am US-Staat Oregon langweilen, maachen sech mat der Camionnette ewech a Richtung Pazifik-Küst. Do waart eng “end of the world”-Party op se.

Sech op de Wee maachen an der Hoffnung, iergendwou anescht säi Gléck ze fannen, dat ass e Klassiker vum amerikanesche Kino. Wéi en ongefilterten Documentaire ass deen heite road movie gefilmt, déi jonk Acteure spillen hir eege Roll. E Film, deen e bësse Schwieregkeeten huet fir op Touren ze kommen: dat eidelt Gebraddels vum éischten Deel vun der Rees setzt warscheinlech op déi allgemeng Virstellung, datt Jonker eleng schonn doduerch interessant sinn, datt se jonk sinn...

Wéi si wärend enger Party d’Rieder vun hirer Camionnette geklaut kréien a kucke mussen, wéi se soss virukommen, gëtt et scho méi interessant. Am Kontakt mat jonke Strummerten a virun allem mat Erwuessenen, déi si an der Anarcho-Zeen vu Portland begéinen, kritt hir Rees op eemol eng onverhofften emotional Déckt. Wärend en Dialog mat den Elteren dacks als onméiglech wouer geholl gëtt, bitt sech hei d’Geleeënheet, sech mat erfuerene Leit auszetauschen, déi hinne vu fir era Sympathie entgéint bréngen.

E Film fir all déijéineg, déi genee am Alter vu senge Protagoniste sinn; oder déi wëlle wëssen, wat se eventuell an hirer eegener Jugend verpasst un... oder och net.  

“Terrestrial Verses” vum Ali Asgari an Alireza Khatami (Kompetitioun – Fiktioun)

Dëse mat einfache Mëttele gedréinten an ëmsou effikasse Film (eng Lëtzebuerger Co-Produktioun) kondenséiert d’Verbueter an d’Obligatioune vun der iranescher Gesellschaft. Virun allem weist en, wéi Muecht am Alldag ganz konkret op den Individuum ausgeüübt gëtt.

Eng Dosen Zeenen, déi ëmmer dee selwechten Dispositif reproduzéieren: e fixe Plan séquence, an deem e Mann oder eng Fra engem Vertrieder vun der Autoritéit (Verwaltung, Police, Privatwirtschaft, Elteren) géigeniwwer sëtzt an eng Demande stellt (fir dem neigebuerene Kand en Numm ze ginn, fir eng Aarbechtsplaz, fir enger Strof z’entkommen, fir d’Erlabnis fir eng Filmproduktioun). D’Mann oder d’Fra kucke riicht an d’Kamera: de Spectateur gëtt also gezwongen, sech an d’Autoritéit eranzeversetzen.

Wien op en aneren ugewisen ass, ass gläichzäiteg deem senger Willkür ausgesat: an engem zouene Büro ouni Zeien ass d’Dier op fir de Muechtmëssbrauch. Domat ka jiddereen sech identifizéieren, och an de westleche Gesellschaften. An engem diktatoresche System wéi am Iran funktionéiert esou déi sozial Kontroll: op allen Niveaue sëtzt e klengen Tyrann, deen ee beispillsweis zwénge kann, sech auszedoen. Wat u sech absurd a komesch wierkt, ass a Wierklechkeet d’Hell fir déijéineg, déi deem ausgesat sinn. A ganze rare Fäll geléngt et, de Spiiss ëmzedréinen.