Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LuxFilmfest Digest (4)

Kultur

LuxFilmfest Digest (4)

De véierten Deel vun der Rei LuxFilmfest Digest. Deskéier ginn d'Filmer "The Eternal memory", "Reas" an "Embodied chorus" ënner d'Lupp geholl.

auto_stories

3 min

Foto: Aus dem chileneschen Documentaire “The Eternal Memory”

“The Eternal memory” (La Memoria infinita) vun der Maite Alberdi (Kompetitioun – Documentaire)

Wéi d’Alzheimer-Krankheet den Alldag vun enger Koppel belaascht weist dësen einfachen an ergräifenden chileeneschen Documentaire. De pensionéierte Journalist Augusto muss reegelméisseg vu senger Liewenspartnerin Paulina openeits erkläert kréien, wien si iwwerhaapt ass an datt déi zwee schonn zënter 25 Joer zesumme sinn.  

Dag fir Dag schaffen déi zwee hir gemeinsam Erënnerungen op, besonnesch och dem Augusto seng perséinlech Vergaangenheet. Ënnert der Pinochet-Diktatur hat hie fir en illegale lénken Tëlees-Sender Reportagen iwwer de reellen Alldag vun den Chileene gemaach. An der Zäit no der bluddeger Diktatur hat hien de Bols vun der Kulturzeen a sengem Land gefillt.

De Film weist, wéi dës permanent Erënnerungsefforten d’Koppel emotional mathuelen. Wat allerdéngs iwwerweit, ass déi grouss Léift, déi déi zwee verbënnt. D’Paulina, eng fréier Actrice, déi zäitweis och Kulturministesch war, gëtt bei Theaterprouwe gefilmt. Genee wéi op der Bün muss si och Dag fir Dag, zesumme mat hirem Mann Augusto, doheem gedëlleg eng Roll, en Text, e Stéck anüben – dee vun hirem gemeinsame Liewen a vun der dramatescher Geschicht vun hirem Land.

“Reas” vun der Lola Arias (Kompetitioun – Documentaire)

Fir d’Prisongserfarung aus der Siicht vu Fraen ze thematiséieren, huet d’Realisatrice e Grupp vu weiblechen Detenuen nees an hirem fréiere Bing versammelt. Dës Fraen, dorënner och Trans-Fraen, stellen hiren deemolegen Alldag an Iwwerleeungen iwwer hir Strof a Form vu Musical-Nummeren no.

D’Resultat besteet aus enger Sammlung vu “queeren”, videoclip-aartegen Inzenéierungen, déi mat einfache Mëttelen eng relativ grouss Expressivitéit produzéieren.

Gläichzäiteg kritt de Spectateur eng Weiblechkeet virun Ae gefouert, déi net grad de Standarde vun de Massemedien a vun Internet entspriechen. Et si Kierperen, déi vum Liewe gezeechent sinn (Drogekonsum, Prostitutioun, asw.).

Wat am Film am meeschte frappéiert, ass d’Solidaritéit ënner dëse Fraen. Schwéier ze soen, ob déi och inzenéiert oder reell ass...

“Embodied chorus” vun der Danielle Davie an dem Mohamed Sabbah (Kompetitioun – Documentaire)

Dësen experimentellen Documentaire (eng Lëtzebuerger Co-Produktioun) beschäftegt sech mam gesellschaftleche Stigma, deen u sexuell iwwerdrobare Krankheeten (HIV, Hepatitt, asw.) hänkt. Ëmsou méi schwiereg ass et an traditionelle Gesellschafte wéi am Libanon, wou sech de Film ofspillt.

Dee Stigma kënnt doduerch zum Ausdrock, datt den Documentaire (bis op seng zwee Auteuren, selwer och krank) op anonym Temoignagë muss zréckgräifen. Mee heifir gouf eng formell interessant Léisung fonnt: Acteure verkierperen d’Stëmme vun den Zeien, resp. där hir schrëftlech Temoignagen.

De Virus an d’Aart a Weis, wéi e sech am Kierper uspiert, ginn also visibel gemaach. De Realisateuren-Duo mécht dat sengersäits op zwou Manéieren: d’Danielle Davie hält hir Alldags-Erfarunge mat enger klenger Handkamera a Form vun engem gefilmten Tagebuch fest. De Mohamed Sabbah gëtt säi (meeschtens plakege) Kierper als Projektiounsfläch fir metaphoresch Duerstellunge vum Virus hir – de Virus als Insekt, als Monster, asw.  

Ënnert de villen interessanten Aussoe kann een dës Fra ernimmen, déi wéinst dem Virus hir Opfaassung vun der Léift an der Sexualitéit a Fro stellt: vläicht wier et awer besser gewiescht, sech virdru besser ze kennen...