arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lycée Ermesinde: Geess doudeg opfonnt ginn

Eng Enquête leeft

|
reading time

1 min

Lycée Ermesinde: Geess doudeg opfonnt ginn

Wéi eng Proff aus dem Lycée Ermesinde op Facebook gepost huet, wier gëschter Mëtteg eng vun de Geessen aus der Schoul doudeg opfonnt ginn. Haut de Moie konnten nëmmen nach d'Iwwerreschter vum Geessebock fonnt ginn.

reading time

1 min

Déi aner Geesse wieren iwwerdeems wéi traumatiséiert.

D’Police vu Miersch konnt eis all dat op eis Nofro hin och confirméieren. Wéi et genee dozou koum ass awer nach net gewosst. Eng Enquête leeft.