Zënter Ufank vum Joer haten déi zoustänneg Ministèren um Mesurëpak geschafft.
D’Buergermeeschterin Lydie Polfer warnt awer virun ze héijen Erwaardungen. Och wann den Aktiounsplang prett wier, da géif dat net heeschen, datt den Drogeproblem vun haut op muer gekläert wier.
“Mee dat heescht natierlech net, datt deen Dag drop d'Situatioun eng aner ass, well dat sinn eng Rei Mesuren, wou och gesetzlech Ännerunge musse kommen. Gesetzlech Ännerungen, dat heescht d'Chamber, dat hëlt awer nach e bëssen Zäit. (...) Et ass intensiv geschafft ginn, dat op alle Fall, an et ass och méi wéi néideg.”