Radioen

On air

9 bis 1  |  Depeche Mode - Enjoy The Silence

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Jean-Paul Olinger: De Fonctionnement vum MUDAM muss strukturell iwwerschafft ginn

No internem Audit

Jean-Paul Olinger: De Fonctionnement vum MUDAM muss strukturell iwwerschafft ginn

Am September zejoert hat de Verwaltungsrot d’Berodungsfirma QUALIA beoptraagt fir den Ist-Zustand vum Musée ze maachen. Zënter Enn Januar läit déi Bestandsopnam, dem Verwaltungsrot vir. De Jean-Paul Olinger seet zënterdeem géif een Aarbechtsgruppen organiséiere fir un de festgestallte Probleemer ze schaffen.

auto_stories

1 min

Jean-Paul Olinger | © Chris Zeien
Jean-Paul Olinger (Foto: Chris Zeien)

 Den Nofollger vum Patrick Majerus weist am 100,7-Interview drop hin, datt an der Ëffentlechkeet virun allem vu Virwërf géint d’Direktesch geschwat gouf. Et misst een awer op verschiddene Niveaue schaffen.

"Ech mengen et gesäit een an deem Rapport vun der Consultance, dass et hei ëm strukturell Elementer geet, déi sech net nëmmen ëm d'Direktioun dréien, mee ëm och méi breet innerhalb vun der Ekipp an och vläicht de Conseil an och de President an deementspriechend ass et eppes wat méi strukturell ass a wat vläicht net op eng Persoun bezunn ass. An dowéinst musse mer et och e bësse méi strukturell ugoen."