Den Nofollger vum Patrick Majerus weist am 100,7-Interview drop hin, datt an der Ëffentlechkeet virun allem vu Virwërf géint d’Direktesch geschwat gouf. Et misst een awer op verschiddene Niveaue schaffen.
"Ech mengen et gesäit een an deem Rapport vun der Consultance, dass et hei ëm strukturell Elementer geet, déi sech net nëmmen ëm d'Direktioun dréien, mee ëm och méi breet innerhalb vun der Ekipp an och vläicht de Conseil an och de President an deementspriechend ass et eppes wat méi strukturell ass a wat vläicht net op eng Persoun bezunn ass. An dowéinst musse mer et och e bësse méi strukturell ugoen."