Radioen

On air

Nei Musek  |  E Portrait vum Anders Eliasson

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Markus Beyrer: "Op ekonomeschem Niveau huet d'EU-Kommissioun eng Rei Saache verpasst"

BusinessEurope

Markus Beyrer: "Op ekonomeschem Niveau huet d'EU-Kommissioun eng Rei Saache verpasst"

Vis-à-vis vun hire Konkurrenten a China an den USA géif et de Betriber an der EU net sou gutt goen. Dat seet seet de Markus Beyrer, President vun der Lobby Organistioun "Business Europe". De wirtschaftspolitesche Bilan vun der EU-Kommissioun wier duerchwuess. Dofir misst an der nächster Legislaturperiod ëmgesteiert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

Markus Beyrer | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Markus Beyrer vu "BusinessEurope". (Foto: Jo Diseviscourt)

Den Éisträicher Markus Beyrer ass zanter 2012 President vun der Lobby Organisatioun "BusinessEurope". Sëtz ass zu Bréissel. Hie fuerdert, datt fir déi nächst EU-Kommissioun d'Kompetitivitéit vun der europäescher Wirtschaft eng Prioritéit misst sinn.

Käschtenënnerscheeder reduzéieren

An och wann ee misst agestoen, datt déi aktuell Kommissioun an der Covid-Kris dacks gutt reagéiert hätt, sou misst een awer um Enn vun der Legislatur feststellen, datt op ekonomeschem Niveau eng Rei Saache verpasst gi wieren. 

"De wirtschaftspolitesche Bilan wäert een als duerchwuesse musse bezeechen, well mir op villen Niveauen hannert eise Konkurrenten an der Welt zeréckfalen. Dat ass beim Wuesstem esou, dat ass bei der Produktivitéitsentwécklung esou a bei den Investitiounen. Do gesi mir, datt se verstäerkt stattfannen, mee eben net genuch an Europa."

Do géif et d'Noutwendegkeet ginn, ëmzesteieren. Déi nächst Kommissioun misst do déi richteg Akzenter setzen. De gréisste Problem wieren déi héich Energiekäschten an d’Prognos, datt d’Präisser och an Zukunft weider iwwer deene vun den USA géife leien.

Eng vun den Haaptaufgabe vun der nächster Kommissioun wäert et ginn, déi Käschtenënnerscheeder ze reduzéieren, mengt de Markus Beyrer.

Aarbechtsplazen a Gefor 

D'Membere vu "BusinessEurope", dorënner déi Lëtzebuerger Fedil, hätten an enger rezenter Ëmfro mat grousser Majoritéit gesot, datt Europa als Business-Standuert elo méi schlecht géif do stoen, wéi nach virun dräi Joer. De Markus Beyrer ass der Meenung, datt mat der Entwécklung vun de leschte Joren och Aarbechtsplazen um Spill géife stoen. 

"Eurostat huet virun e puer Wochen nei Donnéeën iwwer d'Beschäftegung an der Industrie publizéiert. 2019-2022 sinn déi lescht disponibel Zuelen an do gesäit een, datt d'Gesamtbeschäftegung an Europa ëm bal 2 Prozent zeréckgaangen ass." 

Eleng an Däitschland géifen et 130.000 Aarbechtsplaze manner ginn. 

 

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Europa
Wirtschaft