Radioen

On air

Espresso Beats  |  Liam Gallagher & John Squire - Just Another Rainbow

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Lies: Aussoen iwwer Flüchtlinge waren "ee Feeler"

No vill kritiséiertem Facebook-Post

Marc Lies: Aussoen iwwer Flüchtlinge waren "ee Feeler"

Säi Message de Weekend op Facebook wier “ee Feeler” gewiescht, huet de Marc Lies dem radio 100,7 de Moie gesot. Seng “Wortwahl” wier net déi richteg gewiescht, gëtt den Hesper Buergermeeschter an CSV-Deputéierten zou.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Säi Message wier awer “komplett aus dem Kontext gezu ginn”: et wier him net ëm Flüchtlinge gaangen, mee ëm d’Sécherheetssituatioun hei zu Lëtzebuerg, esou d’Rechtfäerdegung vum CSV-Politiker. De Marc Lies bedauert, datt een “hei am Land villes net méi däerf soen”.

Zu de Reaktiounen op säi Facebook-Post seet de Marc Lies, datt hien net kéint acceptéieren, an de rietsen Eck geréckelt ze ginn. Hie seet awer och, datt “alles gemaach géif ginn”, fir déi nei CSV-DP-Majoritéit op eng “populistesch Aart a Weis” ze diskreditéieren.

De Marc Lies hat op Facebook op de Message vun engem Hesper Bierger reagéiert, dee fënnef Hénger gekäppt a geklaut kritt hat. Doran hat hien ënner anerem op d’Politik vum fréieren Aussen- an Immigratiounsminister Jean Asselborn ugespillt.

Wéinst sengem Message hat de Marc Lies gëschter ee klärend Gespréich mam CSV-Generalsekretär Christophe Hansen, huet hien eis gesot.

CSV-Presidentin wëllt net selwer Stellung huelen

D’CSV-Presidentin Elisabeth Margue huet op eis Nofro hi preziséiert, datt de Christophe Hansen - an Ofsprooch mat hir a mat der CSV-Generalsekretärin Stéphanie Weydert - dëst klärend Gespréich mam Marc Lies hat.

Zu den Aussoen am Facebook-Post seet d’Elisabeth Margue, datt dëst Aussoe vum Här Lies wieren, an net deene vun der CSV géifen entspriechen.

Doriwwer eraus wëllt d’CSV-Presidentin Elisabeth Margue keng Stellung dozou huelen.

Sam Tanson: Net weider an en Haassdiscours falen

Als absolut inakzeptabel an extrem bedenklech hunn d‘Deputéiert Sven Clement a Sam Tanson d’Aussoe vum Hesper député-maire bezeechent. D’Presidentin vun der grénger Fraktioun huet un d’Regierungsparteien appelléiert, fir dës Virfäll méi seriö ze huelen. D’Gesellschaft dierft net weider an en Haassdiscours verfalen. Nodeems et déi lescht Méint schonn e puermol zu änleche Virfäll komm ass, (an déi den ADR-Deputéierten Tom Weidig an d’DP-Deputéiert Simone Beissel verwéckelt waren) misst d’Chamber sech och onbedéngt méi e gereegelte Kader ginn, wat d’Flichten an d’Behuele vun den Deputéierten ausserhalb vun der Chamber ugeet, sou d’Sam Tanson.

D'Sam Tansonplay_arrow

Si hat viru puer Wochen an der Conférence des Présidents ugefrot, datt Erfarungswäerter aus auslännesche Parlamenter sollte gesammelt ginn. D‘Sam Tanson fënnt et allefalls „extreem bedenklech, datt mir elo erëm an där Situatioun sinn“.

Den ADR-Deputéierte Fred Keup sot sengersäits, de Commentaire vum Marc Lies géif senger Usiicht no keng héich Welle schloen. Et wier awer virauszegesinn, datt de Lénksblock an der Chamber och dës Kéier rëm eng grouss Affär draus wéilt maachen.