De Rocky huet 25 Joer laang aktiv Basket gespillt, an dat, wat sécher rekordverdächteg ass a 7 jo bal 8 verschiddene Veräiner wann een déi hallef Saison um Enn vun der Carrière zu Ohn nach derbäi hëlt.
Um Telstar goung et un an huet et opgehalen
Dem Rocky seng Basketzäit ass um Telstar zu Hesper ugaangen, du koumen de Basket Cents, d’Sparta Bartreng, d’Residence vu Walfer, den T71 Diddeleng, d’Amicale vu Steesel, den AB Contern an eben déi hallef Saison zu Ohn an um Enn ass de Krees nees zougaange wou de Rocky nees um Telstar Hesper gelant ass.
A fir de Rocky ass et wichteg, datt hien a kengem Veräin am Kaméidi gaangen, an zu senger Zäit war de Basket schonn eng grouss Famill.
E räicht Basketliewen
De Marco Rock ass mat der Sparta Bartreng zwee Mol Lëtzebuerger Basketchampion an aussergewéinlech ass, datt si et emol esou guer an de Play-Offs ouni amerikanesche Spiller gepackt hunn. Dann huet hien 1 Mol d’Coupe de Lëtzebuerg gewonnen, huet 10 Coupe d’Europe-Matcher gespillt an e stoung 45 Mol fir d’Lëtzebuerger Basketnationalequipe um Terrain.
Special Olympics
De Rocky huet mam Basket vill erlieft, et war eng Super-Zäit, déi een an de Hale konnt verbréngen. De Basket huet dem Rocky vill ginn an no der aktiver Zäit als Spiller huet de Rocky mat engem grousse Sozialen Engagement probéiert och eppes zeréck ze ginn, notamment mat sengem Engagement fir den Télévie a virun allem bei de Special Olympics.
2014 gouf de Rocky vu Responsabele vun de Special Olympics abordéiert an et koum zu engem Gespréich mat engem vun de Special Olympics.
“An du sot en, éischtens ech brauch emol e Partner, dat heescht: Déi Basketsequipe déi bei de Special Olympics ass, déi besteet aus Athlete mat engem geeschtegen Handicap a mat Partner, déi ënnerstëtzen an dat nennt sech dann Unified-Equipe. An du sot e, mir ginn elo am Juli 2015 gi mir op d’Weltspiller op LA (Los Angeles) an do bräichte mir e Partner. Ech hu mäi Meedchen d’Michelle gefrot, et huet Basket zu Hesper gespillt an et huet eng sozial Oder, et mécht ganz vill fir d’Croix Rouge oder d’Gamma-Scouten an do sot hat dat géif mech intresséieren.”
An de Rocky wollt dunn och nach wëssen op se net eventuell en Trainer fir d’Basketequipe bräichten.
“Se sote jo, mir hunn do een, dee mécht dat. E kënnt aus dem Hammerwerfen. Do hunn ech geduecht, wat maacht der mat engem Hammerwerfer als Baskettrainer? Bon wann s du wëlls kanns de dat mat iwwerhuelen, an do hu keng Sekonn gezéckt, an dat och gemaach.”
Et gëtt ee vill an et kritt ee vill
De Rocky huet sech dunn an dës Basketequipe investéiert an si sinn 2015 op d’Weltspiller op LA gaangen an do hunn an hirem Level Bronzemedail am Basket gewonnen "an dat war net nëmmen en Erliefnes fir d’Equipe awer och fir mech. Dat war mega, ech hu mega Kontakter do geknüpft an esou ass dat ugaange mat de Special Olympics.”
An dat sinn elo och schonn iwwer 10 Joer datt de Rocky derbäi ass, an et kann ee vläicht drun erënneren, datt hie mat senger Basketsequipe 2023 bei der Special Olympics Weltspiller zu Berlin d’Goldmedaile gewonnen huet. A mëttlerweil ass de Rocky och am Comité vun de Special Olympics.
“D’Zäit vergeet, mee ech hunn nach keng Minutt do bereit an do gees de ëmmer Owes heem an du bass esou zefridden an du gesäis déi laachend Gesiichter vun hinnen alleguerten an dat ass wierklech flott.”