Radioen

On air

Notturno  |  Slumbergaze - Quiet Horror

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat 16 Joer wiele goen: Claude Meisch nach ëmmer dofir

EUROPAWALEN

Mat 16 Joer wiele goen: Claude Meisch nach ëmmer dofir

Bei den Europawalen dierfen a fënnef EU-Länner Jonker vu 16, respektiv 17 Joer u mat wiele goen. Zu Lëtzebuerg ass den Educatiounsminister nach ëmmer dofir, de Walalter erofzesetzen. Ännerunge sinn awer keng geplangt, sou de Claude Meisch um Bord vun enger Reunioun vun EU-Ministeren, déi iwwer de Sujet diskutéiert hunn.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: European Union

A manner wéi engem Mount sinn Europawalen. D’Reegelen dofir sinn net an alle 27 EU-Länner d’nämmlecht. Dat betrëfft ënner anerem de Walalter. A fënnef Länner dierfen nämlech Jonker scho vu 16, respektiv 17 Joer u mat wiele goen. An der Belsch, Däitschland, Éisträich an op Malta dierfe bei dësen Europawale Jonker vu 16 Joer un an a Griicheland vu 17 Joer hir Stëmm ofginn.

Diskussioun ënner EU-Ministeren a Jugendorganisatiounen ouni konkret Resultat

D‘Decisioun doriwwer läit bei de Memberlänner an do bleift d’Approche ënnerschiddlech, wéi een Debat ënnert den zoustännege Ministeren e Méindeg zu Bréissel gewisen huet. Dato sot och déi estesch Bildungsministerin Kristina Kallas.

"Et ass wichteg, datt déi Diskussioun op europäeschem Niveau opgeholl gëtt.“

Am estesche Parlament gëtt den Ament iwwer ee Gesetz diskutéiert, fir de Walalter och fir d’Europawalen op 16 Joer erofzesetzen.

Claude Meisch: De Prinzip vun der demokratescher Gesellschaft scho vu 16 Joer un erliewen

Jonker misste matbestëmmen a politesch Participatioun konkret am Alldag erliewen, sou um Bord vun der Reunioun zu Bréissel de Claude Meisch géintiwwer dem radio 100,7.

Hie géif dee Prinzip vun enger demokratescher Gesellschaft “gäre liewen an engem Land, wou ee schonn ab 16 Joer net misst, mee kéint wiele goen”, sou och den DP-Politiker.

Meng Haltung ass nach ëmmer déi, déi ech 2015 zum Ausdrock bruecht hunn. Et muss een awer, feststellen, datt d'Leit dat dee Moment bei eis am Land net wollten. Ob et haut anescht wier, sief dohinner gestallt.”

Et gouf am Grand-Duché e puer Versich, de Walalter erofzesetzen. Mat Gesetzesprojeten an de 1990er Joren, mee och 20 Joer duerno, ier déi blo-rout-gréng Regierung d’Lëtzebuerger an d’Lëtzebuergerinnen 2015 an engem Referendum gefrot huet, ob si dofir sinn, datt ee scho vu 16 Joer un dierf wiele goen. 80 Prozent vun de Leit hu sech deemools dogéint ausgeschwat.

Schwaarz-blo hält sech u Resultat vum Referendum

Iwwer de Walalter gouf och wärend de Koalitiounsverhandlunge tëschent der CSV an der DP geschwat, sou de Claude Meisch.

"Do ass awer och kloer gesot ginn: Mir halen eis nach ëmmer un de Referendum vun 2015. Et gëtt fir eis do keen neie Moment, fir sech iwwert dat, wat d’Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger do festgehalen hunn, ewech ze setzen. Ech mengen awer, datt den Debat net sollt ënnergoen an d’Noutwennegkeet dovu weider sollt diskutéiert ginn."

Jugendforum fuerdert Walalter vu 16 Joer

Fir elo awer bleift zu Lëtzebuerg alles beim Alen. Eng EU-Approche ass och net en vue. DPresidentin vum Europäesche Jugendforum, d'Maria Rodriquez, huet hir Meenung iwwerdeems kloer zum Ausdrock bruecht.

De Walalter fir all Zort vu Walen - kommunal, regional, national an europäesch - an all EU-Land op 16 Joer erofzesetzen, dat ass dat, wat déi Jonk wëllen."

Dat hat si de Ministeren aus de 27 EU-Länner moies bei engem Kaffi mat op de Wee ginn. D’Diskussioun wier ganz “räich” gewiescht, sot no der Entrevue d’Maria Rodriguez virun der Press.

Keng gemeinsam EU-Approche

De flamännesche Minister fir d’Jugend, de Benjamin Dalle, huet allerdéngs kloer gestallt, datt ee sech do net iwwer eng gemeinsam Approche eens gouf.

"Fir de Moment ass dat eng national Kompetenz an dat gouf och net a Fro gestallt."

Och d’Europäesch Kommissioun huet net wëlles, eng Propos ze maachen, fir de Walalter allgemeng an der EU erofzesetzen, sou d’EU-Kommissärin fir d’Kultur, Educatioun a Jugend, d’Iliana Ilvanova op eis Nofro.

Mir si frou, datt dat a verschiddene Länner geschitt. Dat gefält eis. Et ass awer keng Kompetenz vun der Kommissioun.”

Also decidéiert weider jiddweree fir sech, sou datt sech bei dësen Europawalen zu Lëtzebuerg konkret d’Situatioun esou presentéiert, datt bei den direkten Noperen an der Belsch an an Däitschland fir d’éischte Kéier Jonker vu 16 Joer um Walsonndeg hire Walziedel dierfen ausfëllen an an d’Urn geheien.

Fir d’Lëtzebuerger an d’Lëtzebuergerinnen awer gëllt nach ëmmer, datt een eréischt mat 18 Joer dierf a muss wiele goen.

Lauschternplay_arrow

 

Europawalen