Radioen

On air

9 bis 1  |  Totally Enormous Extinct Dinosaurs - Never Seen You Dance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Max Mousel: Beim Theema Liwwerkettegesetz ass d'Regierung net ambitiéis genuch

Consultativ Mënscherechtskommissioun

Max Mousel: Beim Theema Liwwerkettegesetz ass d'Regierung net ambitiéis genuch

D‘EU Direktiv, déi als sougenanntent Liwwerkettegesetz bekannt ass, riskéiert hiert Ziel net ze erreechen. Där Meenung ass déi consultativ Mënscherechtskommissioun. D‘Gesetz schreift den Entreprisen een Devoir de vigilance vir. Dat heescht, dës Gesellschafte mussen oppassen, datt hir Produktioun an hir Zouliwwerer d‘Mënscherechter an d‘Ëmwelt respektéieren.

auto_stories

1 min

Logo vun der Mëscherechtskommissioun | © radio 100,7
radio 100,7 (Foto: radio 100,7)

Lëtzebuerg géif beim Ëmsetze vun dëser Direktiv éischter bremsen amplaz e Virbild ze sinn, esou de Jurist vun der CCDH Max Mousel.

"Eisen Informatiounen no huet d'Regierung allerdéngs net wëlles, besonnesch ambitiéis bei der Transpositioun vun der Direktiv ze sinn. Déi schéngt haaptsächlech ze sinn, fir se op de strikte Minimum ze limitéieren a souguer, dat bedauere mir extreem, um EU-Niveau dofir ze plädéieren, datt déi EU-Direktiv weider ofgeschwächt soll ginn. Dat ass de faméisen Omnibus, vun deem jo reegelméiglech geschwat gëtt. Dat ass héichproblematesch fir de Schutz vun de Mënscherechter an der Ëmwelt."

An engem ambitiéisen Text wiere méiglechst vill Entreprisë concernéiert. Déi missten och aktiv agéieren an net just Lëschten duerchklicken, esou nach d‘CCDH. Donieft misst d‘Anhale vum Reegelwierk vun enger onofhängeger Kontrollinstanz iwwerwaacht ginn.

D‘CCDH verlaangt weider, datt d‘Regierung a Saachen Desinformatioun aktiv gëtt an erkläert, ëm wat et bei dëser Direktiv wierklech geet.