Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Faillitten dëst Joer am Verglach zum 1. Semester 2023

Wirtschaft

Méi Faillitten dëst Joer am Verglach zum 1. Semester 2023

An den éischte 6 Méint vum Joer hu 570 Betriber hei am Land Faillite gemaach. Dat ass eng Hausse vu 6 Prozent verglach mam éischte Semester d‘lescht Joer.

auto_stories

1 min

Faillite | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer

Wann een awer d‘Holdingen an d‘Fongen eraushëlt, dann ass d‘Zuel vun de Faillitte liicht ëm 3,5 Prozent zeréckgaangen. Déi Evolutioun wier awer nëmmen op den éischte Bléck positiv, sou de Statec, well vill méi Aarbechtsplazen duerch d‘Faillitte verluer gaange sinn: 1.759 Salariéen hu bis elo dëst Joer hir Plaz verluer, well hire Betrib zougemaach huet. Dat sinn iwwer 30 Prozent méi d‘lescht Joer ëm dës Zäit, a souvill wéi zënter 2013 net méi, sou de Statec.

Déi meescht Faillitte goufen et bei den Holdingen an Investment-Fongen.

Am Bausecteur goufen et 102 Faillitten. 830 Aarbechtsplazen si verluer gaangen. 90 Faillitte goufen et am Commerce. Dat sinn 13 Prozent manner wéi d‘lescht Joer. Dofir awer hunn duebel souvill Leit am Commerce hir Plaz verluer, nämlech 210. Am Horeca-Secteur goufen et 58 Faillitten. 327 Leit hunn hir Plaz verluer.