Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. - Dis-Moi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europawalen: Knapp 30 Prozent vun de Wieler hunn d'Bréifwal ugefrot

Méi wéi bei de Chamber- a Gemengewalen

Europawalen: Knapp 30 Prozent vun de Wieler hunn d'Bréifwal ugefrot

Den Trend vun der Bréifwal zu Lëtzebuerg hëlt zou. Knapp 30 Prozent vun de Wieler a Wielerinnen hu fir d’Europawale vum 9. Juni d’Bréifwal ugefrot.

auto_stories

1 min

Bréifwal | © Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

Dat geet aus den Zuele vun de Gemengen ervir, déi de Staatsministère matgedeelt huet. Bei de Chamberwale viru 7 Méint hat ronn e Véirel vum Elektorat per Bréifwal gewielt. Bei de Gemengewale virun engem Joer eppes manner wéi e Fënneftel.