Radioen

On air

Notturno  |  Elliott Smith - Angeles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méiglech Wafferou bréngt déi israeleesche Regierung a Schwieregkeeten

Noen Osten

Méiglech Wafferou bréngt déi israeleesche Regierung a Schwieregkeeten

No der Annonce vun engem Accord fir eng Wafferou tëscht Israel an der radikal islamistescher Hamas, sinn net all d’Probleemer vum Dësch.

auto_stories

1 min

Benjamin Netanjahu | © picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch
Foto: picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch

Den israeelesche Premier riskéiert seng ultra-reliéis Regierungspartner ze verléieren. Si dreeë mat hirer Demissioun, sollt de Premier deen Accord mat ënnerschreiwen. Si sinn der Meenung, datt dat d’Victoire vum Terrorismus géif bedeiten an eng total Néierlag wier fir Israel.

Mee an de Stroosse vun enger ganzer Rei Stied sinn d’Mënschen op d’Strooss gaange fir deen Accord z’ënnerstetzen. Elleng zu Tel Aviv goufen 120.000 Manifestante gezielt.