Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - Closer (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meteo: Minusgraden a gréisstendeels gro

Wieder um Weekend

Meteo: Minusgraden a gréisstendeels gro

Krupseg kal Temperaturen erwaarden eis haut. De Moie mat bis zu Minus sechs Grad. Am Laf vum Dag klëmmt de Quecksëlwer op maximal ee Grad, bei gréisstendeels groem Himmel.

auto_stories

1 min

Den Ufank vun der neier Woch bréngt muer plazeweis liichte Schnéi mat sech, deen sech am Laf vum Moien a Reen, respektiv Schnéireen wäert verwandelen. An dat ass dann och viraussiichtlech den Trend fir déi nei Woch. Et gëtt liicht méi waarm, mat muer an iwwermuer Temperaturen ëm déi 4 bis 5 Grad.