Radioen

On air

Espresso Beats  |  Lucy Rose - Light As Grass

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Mindestloun ze niddereg fir en dezent Liewen ze féieren

Salariatskammer

Mindestloun ze niddereg fir en dezent Liewen ze féieren

Ronn 15 Prozent vun de Salariéen zu Lëtzebuerg kréien de Mindestloun. Obwuel deen am EU Verglach den héchsten ass, geet en zu Lëtzebuerg knapps duer fir aus der Prekaritéit ze kommen. Dat ass eng vun de Conclusiounen aus enger Etüd, déi d‘Chambre des salariés presentéiert huet.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Jacques Ganser

De Mindestloun kréie Jonker, Beruffsufänger a Frontalieren, sou de gängege Cliché. Mee dat stëmmt net. D‘Chambre des salariés huet op Basis vun den Zuele vun der Inspection générale de la securité sociale den Detail gekuckt: Fraen, Jonker, Jonggesellen a portugisesch Staatsbierger si beim Mindestloun zwar iwwerrepresentéiert. Mee beim Net-Qualifizéierte Mindestloun si 60 Prozent iwwer 30 Joer al, 60 Prozent si Residenten an 23 Prozent si Lëtzebuerger.

Onqualifizéierte Mindestloun trotz Erfarung

Ronn een Drëttel schafft scho méi wéi zwee Joer an der selwechter Entreprise. Fir vill Leit bleift de Mindestloun e Liewe laang hiert eenzegt Akommes, sou den Dylan Theis vun der Chambre des salariés.

"De Mindestloun ass bei wäitem net nëmmen ee Loun fir Beruffsufänger oder fir Onerfuerener. Dat ass strikt an einfach net de Fall. Wann een d‘Zuele kuckt gesäit een, datt immens vill Leit eng grouss Erfarung hunn an trotzdeem nach ëmmer den onqualifizéierte Mindestloun kréien."

Zweet Conclusioun: d‘jorelaangt Verbleiwe beim Mindestloun féiert zu enger Prekariséierung vum ganze Menage. Och déi sozial Transferte ginn net méi duer fir d‘Situatioun vum Betraffenen ze verbesseren. De Mindestloun ass dann och ze niddreg par Rapport zu deem, wat d‘EU-Reegele virschreiwen, sou d‘OGBL-Presidentin Nora Back.

"De Mindestloun geet net duer fir zu Lëtzebuerg korrekt ze liewen. Mir hunn dat op enger ganzer Rei Indicateure gekuckt am Kontext économique a social vu Lëtzebuerg. De Mindestloun ass ze niddreg, méi niddreg wéi de Budget de référence, deen ee brauch, fir zu Lëtzebuerg ze liewen."

Nora Back: d'Regierung ënner Zuchzwang 

An dem Kontext gesäit d‘OGBL Präsidentin déi aktuell Etüd och als Optrag un Regierung.

"Dat alles seet eis, datt mir mussen iwwer de Mindestloun schwätzen, sou datt mir och weider fir eng Erhéijung vum Mindestloun stinn, an datt mir och dee Message un eis zukünfteg Regierung wëlle ginn. Mir sinn der Meenung, datt d‘Regierung an Zuchzwang ass eppes mussen ze maachen um Mindestloun."

Et géif deemno net duer goen den Triple A ze erhalen, mee och den Triple A social misst bestoe bleiwen. Ee Mindestloun, deen een dezent Liewe géing erlaben, léich der Etüd no ronn 10 Prozent iwwer dem aktuellen Niveau.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Noriichten