Virgesinn ass ee gemeinsame Fong, dee Projete fir d‘Exploitatioun vu Ressourcë wéi Mineralien, Ueleg a Gas an der Ukrain finanzéiere soll. D’Kontroll doriwwer wat a wou ofgebaut gëtt, soll bei der Ukrain bleiwen.
D’Ofkommes hält och fest, datt d’Ukrain wéinst de militäreschen a finanziellen Hëllefen zënter dem russeschen Iwwerfall net bei den USA verschëlt ass.
An Zukunft soll d‘Ukrain 50 Prozent vun de Recetten aus Lizenzen oder Ressourceverkeef an e Fong abezuelen. D’USA kënnen hir Bäiträg och a Form vu Waffen, wéi zum Beispill. Loftverdeedegungssystemer, maachen.