Radioen

On air

Notturno  |  Corridor - Mon Argent

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mineralien-Accord soll haut ënnerschriwwe ginn

Ukrain an USA

Mineralien-Accord soll haut ënnerschriwwe ginn

D’Ukrain rechent domat, haut nach e Mineralien-Accord mat den USA ze ënnerschreiwen. Dat huet en héije Vertrieder vum ukrainesche Presidentebüro der AFP matgedeelt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde)

Wéi Medien aus béide Länner eestëmmeg mellen, wier déi ukrainesch Wirtschaftsministesch schonn zu Washington ukomm, wou den Owend d‘Ofkommes nach ënnerschriwwe soll ginn. No laange Verhandlunge gesäit et also elo no engem Duerchbroch aus.

De geplangten Accord géif den USA e privilegéierten Zougang zu strategesche Ressourcë ginn. D’Ukrain erhofft sech am Géigenzuch Investitiounen a finanziell Mëttel fir den Erëm-Opbau vum Land.

Ier de Kontrakt a Kraaft trëtt, muss en nach vum ukrainesche Parlament ratifizéiert ginn.