Radioen

On air

Notturno  |  Massimiliano Pagliara - Snap Out Feat. Snax

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir d'Vollek" geet mat an d'Europawalen

Oppositiounsbeweegung

"Mir d'Vollek" geet mat an d'Europawalen

D‘Oppositiounsbeweegung "Mir d‘Vollek“ kandidéiert fir d‘Europawalen. D‘Kandidatelëscht mat den néidegen Ënnerschrëfte wier d‘leschte Freideg deposéiert ginn, esou e Communiqué vun der Beweegung.

auto_stories

1 min

Spëtzekandidat ass de Jean-Marie Jacoby, ee vun den Organisateure vun de Coronaprotester. De Peter Freitag, eng aner bekannte Figur vun de Coronaprotester, ass och op der Lëscht. Déi zwee goufen zu Geldstrofe condamnéiert wéinst ënner anerem Beleidegung an Outrage géint Regierungsmemberen.

Weider kandidéieren d‘Margarida Brites Nunes, den Tom Helbach, d‘Viviane Bruno an den Olivier Caisou-Rousseau.

D‘Oppositiounsbeweegung "Mir d‘Vollek“ presentéiert sech op hirem Internetsite als “D’Alternativ zum Weider sou”. An hirem Communiqué heescht et, si wier e Géigner vun der haiteger EU, vun der EU-Kommissioun a vum EU-Parlament.