De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E gëtt, wéi opus 100,7, säi Schwësterprogramm fir klassesch Musek, am allgemengen ëffentlechen Interessi vum Média de service public 100,7 bedriwwen. De Radio ass bekannt fir eng héich Qualitéit vun den Noriichten, der Musek an am Beräich vun der Kultur. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Identitéit. Nieft sengem Radioprogramm offréiert de radio 100,7 op senger Websäit an a senger App och Artikelen a Podcasten.
Am Januar 2025 huet de radio 100,7 een neit Doku-Format lancéiert: am Doku-Podcast Zeenewiessel gi journalistesch Recherchen zu gesellschaftlech relevanten Theeme seriell verzielt.
An dësem Kader sicht de radio 100,7 een/eng:
Journalist:in am Beräich “Features/Audio-Documentaire”:
Tâchen, zesumme mam der Coordinatrice “Features”:
- Gestaltung, Virbereedung, Produktioun an Animatioun vu längeren Audio-Projeten
- D’Recherche vun interessanten Theeme mat engem héije gesellschaftlechen Notzwäert
- Redaktioun vum Skript
- Opnam a Montage vum Audio-Contenu mat der Ënnerstëtzung vum technesche Service
- Participatioun un der Distributioun vun Inhalter fir den Zilpublikum ze erreechen
- Aktuell Trends an Entwécklungen am A behale fir se an d’Bäiträg afléissen ze loossen
Wéi eng Fachkompetenze siche mir?
- Journalistesch Erfarung, am Speziellen an déifgrënneger Recherche
- Erfarung an der Produktioun vu laangfristeg geplangte journalisteschen Inhalter, am Idealfall am Audio-Beräich
- Bac+3 am Beräich Journalismus ass vu Virdeel
- Kenntnisser an Audio-Schnëttprogrammer si vu Virdeel
- Exzellent Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a schrëftlech) souwéi den aneren übleche Beruffssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch)
Wéi eng Eegenschafte soll ee matbréngen?
- Journalistesch Rigueur
- Eng Passioun fir Storytelling an innovativ Erzielformen
- Een Interessi fir Politik a gesellschaftlech Enjeuen
- E Gespier, wéi eng Theeme vun ëffentlechem Interessi sinn
- En ausgepräägte Sënn fir Teamwork
- D’Fäegkeet ënner Zäitdrock ze schaffen
- De Wonsch fir d’Produktiounsprozesser kontinuéierlech ze optimiséieren
Mir bidden:
- En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d’Woch
- Homeoffice-Reegelung
- Reegelméisseg intern an extern Formatiounen nom Prinzip Lifelong Learning
- Eng dynamesch a motivéiert Ekipp an engem kreativen Ëmfeld
Schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, CV a Casier judiciaire wgl. bis spéitstens de 26. Mee 2025 per Email un rh@100komma7.lu.