Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Celebrate The Abundance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Muss Amazon d'Rekordstrof vun der nationaler Dateschutzkommissioun bezuelen?

Dateschutz

Muss Amazon d'Rekordstrof vun der nationaler Dateschutzkommissioun bezuelen?

Ëm dës Fro wäert et vum Januar 2024 un an éischter Instanz virum Verwaltungsgeriicht goen, esou d’CNPD-Presidentin Tine A. Larsen haut am 100,7-Interview. Et ass virgesinn, datt dee Prozess den 9. Januar d’nächst Joer um Tribunal administratif ufänkt, huet de Justiz-Spriecher eis op Nofro hi preziséiert.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Et wäert deemno zwee an een halleft Joren daueren, bis dës wichteg Affär kéint plaidéiert ginn, bedauert d’CNPD-Presidentin.

Mëtt Juli 2021 hat déi national Dateschutzkommissioun d’Strof decidéiert, well Amazon Europe Core S.à r.l. géint europäesch Dateschutzreegele soll verstouss hunn. D’Entreprise kontestéiert d’Entscheedung vun der nationaler Dateschutzkommissioun.