Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Police - Walking On The Moon

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Nationalen Aktiounskomitee géint d’Atomkraaft rosen iwwer d'Aussoe vum Premier

Atomenergie

Nationalen Aktiounskomitee géint d’Atomkraaft rosen iwwer d'Aussoe vum Premier

Den Aktiounskomitee géint Atomkraaft ass eegenen Aussoen no rosen iwwer rezent Aussoe vum Luc Frieden. Déi nei CSV-DP-Regierung géif d’Fro vun der Atomenergie manner ideologesch gesi wéi déi blo-rout-gréng Regierung vu virdrun. Den Aktiounskomitee huet kritesch mat engem Communiqué reagéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

Dee Communiqué gouf och vun der Regierungspartei DP ënnerschriwwen. D’JDL, d’Jugendpartei vun der DP, hat sech gëschter awer hanner d’Aussoe vum CSV-Premier gestallt.

Den Aktiounskomitee argumentéiert, Atomkraaft wier ze geféierlech an och d’Fro vun der Entsuergung vum nuklearen Offall wier no iwwer 50 Joer nach ëmmer net gekläert.

Atomenergie fir europäesch Versuergung wier Quatsch

Bis zu 20 Joer géif de Bau vun engem Atomreakter daueren, erkläert de Paul Polfer, Spriecher vum Nationalen Aktiounskomitee géint Atomkraaft. Dobäi kéint een erneierbar Energië wesentlech méi séier asetzen. Et géif dacks esou duergestallt ginn, wéi wann een Atomenergie géif brauchen, fir déi europäesch Versuergung ofzesécheren. Dat wier Quatsch, fënnt de Paul Polfer:

"Well den Uran, dee fir d’Atomzentrale gebraucht gëtt, dee kennt net aus Europa. Dee kennt zu engem Deel aus Afrika, zum Beispill aus dem Niger, mee e kennt och zum groussen Deel aus Russland, oder aus dem Kasachstan, also alles Länner, déi mat eis elo net grad op esou engem ganz gudde Fouss stinn.“

Dat wieren och deelweis diktatoresch Regimmer, betount de Paul Polfer.

Eng 180 Grad Kéier

Et wier een aus dem schwaarz-bloe Koalitiounsaccord d’lescht Joer net sécher gewiescht, wéi déi nei Regierung zu Atomkraaft géif stoen. Et hätt een awer domat gerechent, datt d’Positioune vun der viregter Gambia-Regierung op d‘mannst an de graffen Zich iwwerholl gi wier, esou de Paul Polfer.

Datt de Premier zu Bréissel annoncéiert hätt, datt déi Lëtzebuerger Regierung dofir wier, europäesch Gelder an d’nuklear Fuerschung ze stiechen, dat wier eng 180 Grad Kéier.

"Et muss ee jo och soen, datt et bëssen eng Nimby-Mentalitéit ass, fir op der enger Säit ze soen, mir sinn zwar der Meenung, datt Frankräich Cattenom soll zoumaachen, an d’Belsch soll Tihange zoumaachen, an op der anerer Säit ze soe mir fannen et eigentlech normal, datt aner Länner hir Atomenergie wëllen ausbauen, an et ass net un eis fir hinnen do iergendeppes virzeschreiwen."

Dee Widdersproch kéinte si net novollzéien, ënnersträicht de Paul Polfer.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft