Radioen

On air

De Weekend  |  Marlon Williams - My Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei-Kaledonien: Nees e Mënsch bei Schéisserei gestuerwen

Opstänn

Nei-Kaledonien: Nees e Mënsch bei Schéisserei gestuerwen

An Nei-Kaledonien koum de Mueren nees e Mënsch ëm d‘Liewe bei engem Schosswiessel am Norde vum franséischen Inselstaat. Zwou Persoune wieren och blesséiert ginn.

auto_stories

1 min

Zanter e Méindeg kënnt et ëmmer nees zu Onrouen an Eklaten op der Inselgrupp am südleche Pazifik. Hannergrond ass eng Reform vum Walrecht, mat där d‘Separatisten net averstane sinn. 5 Doudeger ware bis ewell ëm d‘Liewe komm.

Iwwerdeems sinn den Ament iwwer 3.000 Mënschen blockéiert, well et wéinst den Onrouen aktuell keng kommerziell Fluchverbindunge mat Nei-Kaledonie gëtt, sot e Spriecher vun der lokaler Regierung. En Dënschdeg eréischt sinn nees éischt Flich programméiert.