Radioen

On air

Soundcheck  |  

play_arrow Live
search

/ Nei Mesuren en Ageständnes fir gescheitert Immigratiounspolitik

Lëtzebuerger Flüchtlingsrot

Nei Mesuren en Ageständnes fir gescheitert Immigratiounspolitik

De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot kritiséiert déi nei Mesure vum Ausseministère  iwwer den Accueil vu Flüchtlingen. Eng vun de Mesuren ass, datt eleng-reesend Männer, déi an engem anere Land Asyl gefrot hunn, elo op eng Waardelëscht kommen. Fraen a Kanner gi prioritär behandelt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
De Sergio Ferreira ass och politesche Spriecher bei der ASTI. (Foto: Jo Diseviscourt)

Déi nei Mesure wier een Ageständnes, datt d’Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg gescheitert wier, fënnt de Sergio Ferreira vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot. Dëst Reglement géif och net iwwerraschend kommen.

“Mir verstinn, datt verschidden Elementer d’Konsequenz si vun externe Facteuren, mee et sinn och immens vill intern Facteuren, déi gemaach hunn, datt mir lo an der do Situatioun sinn. An dat trotz all den Alerten, déi den LFR zanter Jore gemaach huet.”

Roll vun der Integratioun op den Aarbechtsmarché

Et géif elo réischt reagéiert ginn, et hätt een awer scho vill éischter misse proaktiv virgoen, mengt de Sergio Ferreira nach weider. Virun allem d’Integratioun vu Flüchtlingen um Aarbechtsmarché géif do eng grouss Roll spillen, ouni déi kéimen d’Leit nämlech net aus den Hebergementsstrukture raus, an doduerch ass keng Plaz fir nei Leit opzehuelen.

“Mir sinn eent vun deene räichste Länner vun Europa, an et ass inakzeptabel, datt e Land wéi eist Land, d’Leit op der Strooss léist. Egal wat de Statut vun de Leit ass.”

Alxandra Oxacelay: "Mir graut et"

Datt duerch dat neit Reglement méi Leit op der Strooss landen, dat mengt och d’Alexandra Oxacelay, Presidentin vu Stëmm vun der Strooss.

“Mir graut et schonn. Mir hunn elo scho vill ze vill Leit, a mir platzen elo schonn aus allen Neit. Dat do ass mengen ech nach e Coup drop, datt nach méi Leit wäerte kommen, dovu sinn ech iwwerzeegt an dovu graut et mer.”

Esou d’Alexandra Oxacelay vu Stëmm vun der Strooss. Den Ausseminister Jean Asselborn hat e Freideg op enger Pressekonferenz annoncéiert, datt Lëtzebuerg géif u seng Limitte stousse beim Accueil vu Flüchtlingen, dofir misst een elo eng Prioritéite-Lëscht féieren.

Lauschterenplay_arrow