Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Biergerkommitee mécht sech fir de Récktrëtt vum Pim Knaff staark

Op Initiativ vun déi Lénk Esch

Neie Biergerkommitee mécht sech fir de Récktrëtt vum Pim Knaff staark

En neie Biergerkommitee zu Esch soll sech fir de Récktrëtt vum Pim Knaff staark maachen. Op Initiativ vun déi Lénk Esch hate sech gëschter Owend ronn 30 Leit am Café Streik zesummefonnt.

auto_stories

1 min

© Eric Ewald
Ufank Juni hu sech well e puer Bierger virun der Escher Gemeng fir ee Récktrëtt vum Pim Knaff staark gemaach.

Virun allem méi jonk Mënschen hunn de Wee an de Café Streik zu Esch fonnt, fir iwwert d’Cause Pim Knaff ze diskutéieren, sot eis op Nofro de Fraktiounsspriecher vun déi Lénk am Escher Gemengerot, Marc Baum.

Den Escher Kultur- a Wirtschaftsschäffe war wéinst schwéierer Steierhannerzéiung verurteelt ginn. Iwwert de Weekend géif sech deen neie Gremium elo opstellen, a sollt d’nächst Woch un d’Press eruntrieden a konkret Aktioune proposéieren, mat deenen een d’Demissioun vum Pim Knaff wéilt fuerderen.

De Marc Baum huet betount, datt d’Spriecher vun dësem Kommitee net parteipolitesch aktiv dierfte sinn.