Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Strongboi - Magic

play_arrow Live
search

/ Renaturéierung: Accord iwwer ofgeschwächt Versioun

ËMSTRIDDENT EU-GESETZ

Renaturéierung: Accord iwwer ofgeschwächt Versioun

Europaparlament a Memberlänner si sech eens ginn iwwert d’Gesetz iwwert Renaturéierung vun Ekosystemer. Eraus koum ee Kompromëss, deen de Kritiker deels entgéint kënnt.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Unsplash / _K8_ play_arrow
Foto: Unsplash / _K8_

80 Prozent vun den Ökosystemer an der Europäescher Unioun sinn an engem schlechten Zoustand. D’EU huet sech am internationale Biodiversitéits-Ofkommes dozou verflicht, 30 Prozent vun deenen degradéierte Liewensraim ze renaturéieren.

D’Europäesch Kommissioun hat dowéinst am Juni zejoert een neit Gesetz iwwert d’Restauréierung vun der Natur proposéiert.

Am Summer hat sech am Europaparlament d’Demande vun der Europäescher Vollekspartei, d’Gesetz op Äis ze leen, net duerchgesat. Knapps sechs Méint dono, koum et elo also zu engem Accord.

Noutbrems gouf agebaut

Een Accord, deen ee Kompromëss duerstellt.

D’Fuerderung vun de Chrëschtdemokraten, der Europäescher Vollekspartei also, datt sech d’Gesetz just sollt op ausgewisen Natura 2000 Gebidder bezéien, huet sech zum Beispill net duerchgesat.

An verschiddene Punkte kënnt den Text awer de Bedenke vun där Fraktioun entgéint.

Sou gouf zum Beispill eng Zort Noutbrems agefouert: Am Fall wou d’Liewensmëttelsécherheet a Gefor wier, kéint deemno d’Renaturéierung ausgesat ginn. Bauere géifen iwwerdeems net gezwongen, ee bestëmmten Deel vun hirem Land fir Ëmwelt-Mesuren zur Verfügung ze stellen.

Dréche Moueren: Manner Mesurë verlaangt

Ännerunge goufen och gemaach, wann et ëm d’Vernässe vun dréche geluechte Moueren geet. Dem Accord no kréichen d’Memberlänner d’Méiglechkeet ageraumt, d’Mesuren a verschiddene Fäll erofzesetzen.

Dat wier problematesch, well grad d’Renaturéierung vun de Moueren néideg ass, fir d’Klimaziler ze erreechen, seet d’Jutta Paulus. Déi däitsch Gréng war bei de Verhandlungen derbäi.

Gréng Europadeputéiert Jutta Paulus: Gesetz geet net duer

Ob dat, wat elo festgehale gouf duergeet, fir den negativen Trend bei der Biodiversitéit ze stoppen, wier net kloer.

Das war aber vorher auch unklar, sou d’Europadeputéiert, 

"Dieses Gesetz kann nur ein Baustein sein, wir müssen in vielen Bereichen mehr tun, um den Artenkollaps zu verhindern."

Ob d'mannst géif et elo ee Gesetz, wat de Kader fir d’Memberlänner festleet.

"Es ist klar welche Ökosysteme revitaliséiert werden sollen. Es ist klar, wieviel Flächen dafür in Anspruch werden soll und es ist klar, wie an die Kommission berichtet werden soll, welche Fortschritte es gibt."

Allerdéngs gouf och hei den Text ofgeschwächt: D’Länner musse keng Resultater um Terrain virweisen, ma just beleeën, datt si déi entspriechend Mesure geholl hunn. Doduerch wäert et der Kommissioun net méiglech sinn d’Memberlänner duerch legal Prozeduren zur Rechenschaft ze zéien. 

Definitiven Accord muss nach confirméiert ginn

Am Parlament haten an am Juni nieft de rietskonservativen an den extrem rietse Parteien, och Deeler vun de Liberalen a virun allem d’Europäesch Vollekspartei - dorënner och d’CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler an de Christophe Hansen, géint d’Gesetz gestëmmt.

Et géif een den Accord elo genee ënnersichen, sou d’Reaktioun e Freideg de Moie vun der EVP-Europadeputéiert, Christine Schneider.

D’Plenière vum Parlament muss deen Accord, genee ewéi d’Ambassadeuren aus den EU-Memberlänner, nach confirméieren. Normalerweis ass dat eng Formsaach, ma d’Diskussioune ronderëm den Aus vum Verbrennermoteur hu gewisen, datt esou een Accord duerchaus nach eng kann a Fro gestallt ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Ëmwelt