Radioen

On air

Fiasko Fest  |  S01E12: Dr. Carole Bauer an Tullio Forgiarini

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Neien Ulaf fir EU-Direktiv fir "gläichen Traitement"

EUROPÄESCH DIREKTIV

Neien Ulaf fir EU-Direktiv fir "gläichen Traitement"

Iwwert d'Direktiv géint Antidiskriminéierung gëtt zanter 16 Joer an der EU diskutéiert. Déi belsch Presidence wëll een Accord bis am Juni hunn. D'Lëtzebuerger Ministerin Yuriko Backes hält dat fir méiglech.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: European Union

2008 hat d’Europäesch Kommissioun een Text fir eng Direktiv op den Dësch geluecht, dee sollt dofir suergen, datt iwwerall an der EU déi nämmlecht Reegele gëllen, wann et drëms geet, datt Mënschen net wéinst hirer Relioun, enger Behënnerung, hirem Alter, oder hirer sexueller Orientéierung diskriminéiert ginn.

Unanimitéit erfuerderlech

Ee grousse Problem dobäi: D’Gesetz fält ënnert den Artikel 19 iwwert de Fonctionnement vun der EU vum EU-Traité vu Lissabon, an dee verlaangt Unanimitéit. Déi awer ass och no jorelaangen Diskussiounen nach net erreecht.

Eng ganz Partie Länner hate juristesch Bedenken. Et gouf laang doriwwer diskutéiert, wéi eng Ënnerbréngung fir Persoune mat Behënnerungen ubruecht ass an och d’Käschte waren ee grousse Sujet. D’Direktiv géif nämlech mat sech bréngen, datt déi Betraffen iwwerall an der EU Zougang zur nämmlechter sozialer Ënnerstëtzung hätten.

Däitschland freet weider Bedenkzäit

"Et ass un der Zäit, datt mir eis hei eens ginn", sou zu Bréissel d’Lëtzebuerger Ministerin fir d’Egalitéit vun de Genren an d’Diversitéit, d'Yuriko Backes.

Déi belsch Presidence huet nei Kompromësser ausgeschafft, an déi gi positiv opgeholl. Verschidde Länner ewéi Italien oder Däitschland froen awer weider Bedenkzäit.

Egalitéit net am Titel vum Ministerrot

D’Reunioun tëscht de Ministere gëschter war fir de Rescht ganz op de Sujet vun der Egalitéit vun de Genrë fokusséiert.

Dee Ministerrot gëtt am EU-Jargon kuerz EPSCO genannt, wat fir Emploi, Soziales, Gesondheet a Konsumenteschutz steet. Dofir elo d’Egalitéit mat an den Titel ze huelen, huet sech keng Majoritéit ënnert de 27 Memberlänner fonnt. De Reproche, datt sech d’EU hei iwwerhëlt, wann ee wëll op deene Froen ee Konsens erreechen, widdersprécht d’Yuriko Backes.

"Au contraire, mir missten dat méi debattéieren, fir datt vläicht och een deen aneren, wa mir vu ganz ënnerschiddleche Positioune kommen, besser versteet, a fir datt mir vläicht do iergendeng Kéier méi zesumme fannen."

Et war awer ze spieren, datt Verschiddener do éischter op der Brems stinn, an Anerer méi op de Gas drécken, sou d’DP-Politikerin.

Nächste Rendez-vous am Juni zu Lëtzebuerg

Wat déi onendlech Geschicht vun der Direktiv iwwer d’Anti-Diskriminéierung ugeet, ass nach keen Enn en Vue.

D’Chifferen iwwer Fäll vun Diskriminéierung wieren alarmant, sou um Enn déi belsch Staatssekretärin Marie-Colline Leroy. Een Accord iwwert déi Direktiv géif deemno méi wéi jee gebraucht ginn. Si géif alles dru setzen, datt et nach zu engem Accord kënnt.

Den nächste Rendez-vous ass no den Europawalen den 20. Juni zu Lëtzebuerg.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Politik a Gesellschaft