Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Celebrate The Abundance

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neikaledounien: Franséisch Arméi sou laang am Asaz bis d'Situatioun sech berouegt

Tensiounen no Walreform

Neikaledounien: Franséisch Arméi sou laang am Asaz bis d'Situatioun sech berouegt

De franséische President Emmanuel Macron huet sech a Neikaledounien mat de Separatiste getraff, mellt Agence France Press. Déi separatistesch Grupp kontestéieren déi rezent Walreform am franséischen Iwwerséigebitt, dowéinst si schwéier Onrouen ausgebrach.

auto_stories

1 min

Demonstranten an Neikaledonien | © picture alliance / NurPhoto | Alain Pitton

Dobäi si bis elo 6 Leit ëm d‘Liewe komm. De franséische Staatschef ass de Moien a Neikaledounien ukomm. Hie sot déi franséisch Arméi géif esou laang bleiwen, bis d‘Situatioun sech laangfristeg berouegt hätt.

De President hat am Virfeld annoncéiert, zu Nouméa eng Missioun vun héije franséische Beamte wëllen ze installéieren, déi tëscht de verschiddene Säite solle vermëttelen.