Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net d'EU, mee d'EU-Memberlänner solle méi grouss a staark gemaach ginn

UNGARESCH EU-PRESIDENCE: MAKE EUROPE GREAT AGAIN

Net d'EU, mee d'EU-Memberlänner solle méi grouss a staark gemaach ginn

Den ungaresche Premier suergt mat senger Friddens-Tour fir Opreegung. Hie wëll mat enger "politescher EU-Presidence" eng Mark hannerloossen. Mee fir wéi eng Europäesch Unioun steet seng Regierung iwwerhaapt?

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: European Union

Den Ufank vun der ungarescher EU-Presidence huet fir Opreegung gesuergt. Den ungaresche Premier Viktor Orbán ass op enger, wéi hie seet, "Friddensmissioun". Als éischt an d’Ukrain, dono op Moskau, Peking an elo Washington. Datt hien do als Vertrieder vun der EU optrëtt, huet fir Kritik gesuergt. 

D'Vertrieder vun der ungarescher Regierung huele kee Blat virun de Mond, och net virun den EU-Korrespondenten, déi déi lescht Woch vu Bréissel op Budapest ugereest waren, fir méi iwwert dat gewuer ze ginn, wat Ungarn wärend senger EU-Presidence wëlles huet.

Viktor Orbán wëll eng politesch EU-Presidence

"Et ass kloer, datt mir eng Mark wëllen hannerloossen", huet direkt um Ufank de Chefspriecher vum Viktor Orbán Zoltan Kovacz kloer gestallt. An:

"Eise Premier wëll dës Presidence op eng politesch Aart a Weis notzen."

D’Prioritéit Nummer eent ass de Fridden, sou och den Zoltan Kovacx.

Déi gouf direkt ugepak, andeems de Viktor Orbán op Moskau gereest ass bei de Wladimir Putin. Nom Wolodymyr Selenskyj an der Ukrain, déi zweet Statioun op senger “Friddensmissioun”, wéi hie se nennt. De Protest vu Bréissel an aus aneren Haaptstied stéiert den ungaresche Premier net.

"Mir halen eis un d'Reegelen", erkläert den Zoltan Kovacx. Mee do géif et Spillraum ginn. Als Beispill nennt hien d’Verhandlunge mam Premier Selenskyj.

"Eise Premier wosst, datt hien do just a sengem eegenen Numm verhandelt huet, mee bannent zwou Stonnen haten déi anere Membere vum Conseil ee Rapport um Dësch. Mir maachen eben net nëmmen dat Üblecht. Fir eng Presidence gëtt et politesch gesinn onendlech vill Méiglechkeeten."

Eng europäesch Alternativ mat méi staarke Memberlänner

Dat confirméiert och de Janos Boka, de Minister fir d’EU, dee vu sech selwer seet, hie wier keen Anti-Europäer.

"Wat ech offréieren ass eng europäesch Alternativ a keng Alternativ zur EU."

No e puer hartnäckegen Nofroe vun der Press beschreift de 45 Joer ale Jurist, deen deels zu Bréissel studéiert huet, seng Visioun e bësse méi genee.

"Ech gleewen drun, datt souverän Memberstaaten eng Valeur sinn, an datt de Grond, firwat mir eis op eng europäesch Zesummenaarbecht agelooss hunn, net dora besteet, d’Memberstaaten ze transzendéieren, mee se méi staark ze maachen an hinnen d’Moyenen ze ginn, d’Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert unzegoen."

Deemno kéint een den ungaresche Motto vun der Presidence “Make Europe great again” esou interpretéieren, datt net d’EU, mee d’Memberlänner méi grouss a staark gemaach solle ginn.

EU-Kommissioun an hir Limitte verweisen

D’Europäesch Kommissioun, sou de Janos Boka, sollt an deem Zenario hir Limitt respektéieren, wat am Kloertext heescht. Engem Land wéi Ungarn keng EU-Sue refuséieren, well et ee Problem mat Rechtsstaat gëtt, a keng Strofen operleeën, wëll op de Baussegrenzen d’Genfer Flüchtlingskonventioun net agehale gëtt.

Iwwert déi onfair Behandlung kritt d’Press vu verschiddene Vertrieder laang Virträg gehalen, bei deenen d’Wourecht deels kräfteg gebéit gëtt.

A propos Fridden: Ungarn, wat der Ukrain keng Sue fir d’Defense wëll ginn, huet selwer eng grouss Campagne fir Rekrutementer bei der Arméi lancéiert.

Déi eegen Arméi soll massiv gestäerkt ginn

Iwwerall laanscht d’Stroossen si grouss Plakater mat Zaldoten ze gesinn. Déi eegen Arméi ze renforcéieren wier wichteg, huet et zu Budapest geheescht. Zejoert gouf extra am rezent gebaute Balna Zentrum fir militäresch Kultur eng grouss Ausstellung iwwert déi militäresch Geschicht an Ungarn opgemaach, mee dat ass just ee vu ville Widderspréch an der Presentatioun vun de politesche Prioritéite vum Viktor Orbán senger Regierung.

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Europa