Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - Everyday Soleil

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Nicolas Schmit geet an d‘Offensiv

SPËTEZEKANDIDATEN-DEBAT

Nicolas Schmit geet an d‘Offensiv

Bei der Debatt tëschent fënnef europäesche Spëtzekandidate fir d‘Europawalen huet den LSAP-Politiker Nicolas Schmit sech méi kämpferesch gi wéi beim Debat ufanks Mee an huet seng aktuell Cheffin a Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen direkt attackéiert.

auto_stories

3 min

Den Nicolas Schmit um Eurovision Debat (Foto: European Union)

Den Debat war a grouss Kapitelen opgedeelt: Ekonomie, Defense Klima, Demokratie a Migratioun - vill Sujete fir an annerhallef Stonn duerchzehuelen. Um Podium stoung ënner anerem den Nicolas Schmit - de Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialisten nieft senger aktueller Cheffin, der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, déi vun der Europäescher Vollekspartei als Tête de liste nominéiert gouf.

Ofgrenzen no riets - ee vun den Haaptsujeten

Gëtt et esou eppes wéi ee Cordon sanitaire vun de pro-europäesche Parteie par rapport zu rietsen a rietsextreeme Fraktiounen am zukünftegen Europaparlament? Dat war eng vun de Froen, déi um Debat gëschter tëschent den europäesche Spëtzekandidaten zu Bréissel am Europaparlament am Mëttelpunkt stoung.

Direkt um Ufank huet den LSAP-Politiker kloergestallt: Béid riets Fraktiounen am Europaparlament - also déi rietsextreem mam Numm "Identitéit an Demokratie", an där bis en Donneschdeg déi däitsch "Alternative für Deutschland" dra war, an déi vun den "Europäesche Konservativen a Reformer" (EKR), wou ënner anerem déi polnesch PIS-Partei an déi postfaschistesch Fratelli d’Italia vertruede sinn. Allebéid wiere fir hie keng demokratesch Fraktiounen, déi d‘Valeure vun der EU respektéieren. Si kéimen deemno net fir eng Zesummenaarbecht a Fro.

"Ech froe mech: Wat ass pro-europäesch fir Iech?"

Esou déi direkt Fro vum Nicolas Schmit u seng Kontrahentin Ursula vun der Leyen. Si misst dat kloerstellen, nodeems si am leschten Debat eng Zesummenaarbecht mat der EKR net ausgeschloss hat. Hie kéint sech zum Beispill net virstellen, datt si déi nämmlecht Virstellung fir Europa hätt wéi d’Cheffin vun der Fratelli d’Italia, d’Georgia Meloni.

Ursula vun der Leyen: Giorgia Meloni ass "Pro-Europäerin"

Déi ugeschwate Kommissiounscheffin huet do probéiert auszewäichen, nodeems awer e puer Mol nogefrot gouf, huet si par Rapport zur italieenescher Premierministerin Faarf bekannt.

"Ech hunn als Kommissiounspresidentin gutt mat hir zesummegeschafft, si ass proeuropäesch, géint de Putin a fir de Rechtsstaat, a wann dat hält, dann offréiere mir, zesummenzeschaffen."

D’EVP wier prett dat mat deene Fraktiounen ze maachen, déi pro-EU, pro-Ukrain a pro-Rechtsstaat sinn, esou d'CDU-Politikerin.

Nicolas Schmit: EU huet Accord mat knaschteger Diktatur ofgeschloss

Och beim Sujet Migratioun huet de Lëtzebuerger Nicolas Schmit seng Cheffin direkt attackéiert. Hien huet d’Ofkommes, dat seng Kommissioun am Numm vun der EU mat Tunesien ofgeschloss huet, schaarf kritiséiert. Nodeems ënner anerem bekannt gouf, datt op en Neits Refugiéen an d’Wüst geféiert an deels geschloen an ëmbruecht goufen.

"Dat ass net Europa, dat huet näischt mat europäesche Valeuren ze dinn. Dat ass een Accord mat enger ganz spezieller, knaschteger Diktatur“

Esou een engagéierten an een e bëssen heesen Nicolas Schmit. Seng Stëmm schéngt schonn ënner dem Walkampf, op deem hien elo bal all Dag Rendez-vousen a verschiddenen europäesche Länner huet, gelidden ze hunn. D'Campagne awer ass nach net eriwwer, si schéngt elo eréischt esou richteg unzefänken.

 

Aktualitéit
Europawalen
Politik a Gesellschaft