Radioen

On air

Notturno  |  Joel Culpepper - Casual Lies

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dysfonctionnement vu Metalldetekter um Findel: Techneschen a mënschleche Feeler

Findel

Dysfonctionnement vu Metalldetekter um Findel: Techneschen a mënschleche Feeler

Ee Metalldetektor, deen net richteg ugeschloss war, hat viru knapp zwou Wochen um Findel fir Retarden an Annulatioune vu Flich gesuergt. Et géif direkt e puer Grënn fir déi Pann ginn, sot de Generaldirekter vu lux-Airport Alexander Flassak virun der Press. Ganzer 8 Minutte laang war net opgefall, datt de Metalldetekter net um Stroum branchéiert war.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Simon Hoffmann play_arrow
Foto: Simon Hoffmann

Wéinst Botzaarbechten an der Nuecht virdru soll d’Stroumversuergung vum Metalldetekter net richteg fonctionéiert hunn. Wat genee geschitt war, konnt d’Direktioun vu lux-Airport net soen.

Evakuatioun vum Terminal "alternativlos"

Sécher ass: 12 Persoune konnten dowéinst um Moie vum 10. Mee an de Fluchberäich kommen, ouni richteg kontrolléiert ginn ze sinn. Doropshi gouf dann decidéiert, de ganzen Terminal ze evakuéieren. Dat waren tëschent 800 an 1.000 Leit, erkläert den Alexander Flassak, Generaldirekter vu lux-Airport.

“Die Entscheidung zur Evakuierung des Sicherheitsbereichs war richtig und alternativlos. Die Sicherheit der Passagiere steht immer an erster Stelle.” 

De Virfall wier awer net express geschitt a wier eng Kombinatioun aus techneschen a mënschleche Feeler.

“Es gibt kein absichtliches oder grobes Fehlverhalten, und daher auch demenstprechend keine personellen Konsequenzen.” 

43 Vollen haten duerch de Virfall Verspéidung an 10 hunn der missen annuléiert ginn.

Indemniséierung Jo oder Nee?

Fir eventuell Indemniséierunge sollen déi concernéiert Passagéier déi jeeweileg Airlines kontaktéieren, präziséiert den Alexander Flassak.

Um Mëttwochmoien hat den Essentiel allerdéngs scho gemellt, datt déi Lëtzebuerger Compagnie Luxair net wëlles hätt, fir Indemniséierungen opzekommen, well dës aussergewéinlech Situatioun net ënnert der Kontroll vun der Airline war. Den Direkter vu lux-Airport sot doropshin, hie géif sech net viru méigleche Verhandlunge verschléissen.

“Aber grundsätzlich ist es Thema zwischen Passagier und Airline. Und falls die Airline Rückgriffsrechte auf uns hat und sieht, dass wir in der Verantwortung stehen, dann entziehen wir uns natürlich nicht der Verantwortung. Aber der erste Ansprechpartner ist die Airline.”

D’Kontrollprozeduren um Flughafe sollen elo ugepasst ginn. An Zukunft soll den automateschen Test vun de Metalldetekteren net méi wéi bis ewell nëmmen owes duerchgefouert ginn, mee och moies um 4 Auer, ier déi éischt Passagéierkontrollen ufänken, sou nach den Alexander Flassak.

Lauschterenplay_arrow

 

 

Aktualitéit