Radioen

On air

Notturno  |  Nicholas Krgovich - Bedlam

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No iranescher Attack: Israel huet nach keng Reaktioun decidéiert

Noen Osten

No iranescher Attack: Israel huet nach keng Reaktioun decidéiert

No enger Sëtzung vu sengem Krichscabinet sot den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu, et wier ee sech eens, datt Israel op déi iranesch Attack wäert reagéieren, mee iwwer den Zäitpunkt an d‘Ausmooss vun där Reaktioun géif nach geschwat ginn. Den US-President Joe Biden huet Israel opgeruff, net weider op déi iranesch Attack ze reagéieren.

auto_stories

3 min

Foto: picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka

Och den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet all d‘Säiten opgeruff, eng weider Eskalatioun ze verhënneren. Den Noen Osten an d‘Welt kéinte sech kee weidere Krich leeschten, esou den UNO-Chef bei enger urgenter Sëtzung vum UNO-Weltsécherheetsrot gëschter Owend zu New York.

Den Iran hat an der Nuecht vu samschdes op sonndes 300 Dronen a ballistesch Rakéiten op Israel geschoss. Déi allermeescht dovu goufe vun Israel ofgewiert. Déi iranesch Attack war d‘Reaktioun op déi rezent Loftattack op e Gebai nieft der iranescher Ambassade zu Damaskus a Syrien.

Bei de Verhandlungen iwwer eng Wafferou an der Gazasträif hätt déi radikal islamistesch Hamas iwwerdeems eng Géigepropos gemaach. Dat mellt déi israeelesch Zeitung Hareetz. Deemno géif d‘Hamas eng Waffepaus vun 42 Deeg proposéieren. An där Zäit sollen israeelesch Geisele géint palästinensesch Prisonéier ausgetosch ginn, an déi israeelesch Arméi soll sech progressiv zeréckzéien. Eng viregt rezent Propos vun Israel fir eng Waffepaus vu sechs Wochen hat d‘Hamas ofgeleent.

US Centom: Huthi-Miliz war och un der Attack op Israel bedeelegt

D‘Huthi-Miliz aus dem Jemen wier un der iranescher Attack an Israel bedeelegt gewiescht. Dat huet den amerikanesche Militär-Zentralkommando matgedeelt. Ausserdeem wieren och Attacken aus dem Irak an aus Syrie komm.

Den iraneschen Ausseminister hätt dann och en Telefonsgespréich mam EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell gehat, dat huet den Ausseministère zu Teheran matgedeelt. D‘Dronenattack op Israel wier eng legitim Defense gewiescht, nodeems Israel déi iranesch Ambassade a Syrien ugegraff hat, heescht et vun iranesche Vertrieder. Nodeems d‘UNO inaktiv bliwwe wier, hätt den Iran keen anere Choix gehat, wéi Israel, am Kader vun der legitimmer Defense, ze bestrofen.

De Weste kéint dem Iran Merci soen, well e sech par Rapport zu Israel zréckhält, an en net beschëllegen.

Den Emmanuel Macron deeskaléiert

“Mir wäerten alles maache fir ee Flächebrand ze verhënneren”, huet de franséische President haut däitlech gemaach. Dem Emmanuel Macron no, misst den Iran isoléiert ginn. Hien huet confirméiert, datt Frankräich un der Ofwier vun de Rakéiten an Drone bedeelegt war.

Och d’USA hunn Israel dobäi ënnerstëtzt: d’US-Arméi hätt iwwer 80 Dronen an op d’mannst sechs ballistesch Rakéiten aus dem Iran a vun der Huthi-Miliz aus Jemen zerstéiert, gouf preziséiert. Den USA no, wieren d’Attacken och aus dem Irak an aus Syrien komm.

Groussbritannien appeléiert un Israel sech zeréck ze halen

De britteschen Ausseminister huet haut un Israel appelléiert, sech no den Attacken zréckzehalen. Groussbritannie wéilt eng Eskalatioun vermeiden, esou och den David Cameron.

Den Iran hätt “all rout Linn” iwwerschratt, esou de Vertrieder vun Israel bei der Spezialsëtzung de Sonndeg Owend vum Weltsécherheetsrot. Säi Land hätt d’Recht, sech ze revanchéieren.

Den UN-Generalsekretär Antonio Gutteres huet gewarnt, datt d’Mënschen an der Regioun virun der Gefor vun engem grousse Konflikt stéingen.

Den iraneschen Ausseminister huet den Ugrëff op Israel “legitim Defense” genannt. Hien huet op een neits d’Attack vu viru 14 Deeg op déi iranesch Ambassade a Syrien kritiséiert. Een Ugrëff, deen Israel zougeschriwwe gëtt, a bei deem zwee iranesch Generäl ëm d’Liewe koumen.