Radioen

On air

De Moien  |  Laurent Moyse

play_arrow Live
search

/ Nom Ongléck zu Baltimore: 2 Läiche goufen aus dem Waasser gebuergen

Véier Persouneginn nach vermësst

Nom Ongléck zu Baltimore: 2 Läiche goufen aus dem Waasser gebuergen

Nodeems eng Bréck zu Baltimore an de Koup gefall war, well e Containerschëff dra geknuppt war, hunn Taucher zwou Läichen am Waasser fonnt. Bei den zwee Doudege géif et sech ëm Aarbechter handelen, déi op der Bréck geschafft hunn.

auto_stories

1 min

Baltimore Schëff Bréck | © picture alliance / Consolidated News Photos | Aaron Schwartz
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Aaron Schwartz

Vermësst gi weider véier Leit, déi och op der Bréck waren. D‘Autoritéite ginn dovun aus, datt si och dout sinn. Weider gouf elo och bekannt, datt um Schëff Dosende Containere mat geféierleche Substanze sinn. D‘Schëff hänkt den Ament weider ënnert Stécker vun der Bréck fest.

Gëschter gouf vum Schëff d‘Këscht mat den Audioopnamen zum Zäitpunkt vum Accident recuperéiert. Éischten Indikatiounen no waren d‘Motoren an de Stroum um Schëff ausgefall, an d‘Schëff ass dofir an de Potto vun der Bréck gerannt.