Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nora Back: Detailer zur Pensiounsreform sinn "déi gréisste Katastroph an deem État de la nation"

Reaktioun op dem Premier seng Ried

Nora Back: Detailer zur Pensiounsreform sinn "déi gréisste Katastroph an deem État de la nation"

Als Katastroph bezeechent d’OGBL-Presidentin Nora Back verschidden Aussoe vum Premierminister Luc Frieden a senger Ried zur Lag vun der Natioun. Wéi de Sozialdialog vum Premier duergestallt gëtt, wier net d’Opfaassung vun de Gewerkschaften. 

auto_stories

2 min

Nora Back | © Jo Diseviscourt
Nora Back (Foto: Jo Diseviscourt)

D'Presidentin vum onofhängege Gewerkschaftsbond schwätzt vun enger "richteger Attack op de Modell vun der Tripartite", a vun engem Broch mat der Traditioun vun der Tripartite vun de leschte 50 Joer. Esou, wéi déi aktuell Regierung de Sozialdialog nämlech féiere géif, wier net déi Aart a Weis, wéi e bis elo funktionéiert hätt, esou d'Nora Back.

"Et ass net den Esprit vum Sozialdialog, well sozial Partnerschaft an de soziale Fridden, déi gëtt et eeben nëmme wann een op Aenhéicht matenee verhandelt, an dat heescht net einfach just een deem aneren nolauschteren an herno selwer decidéieren."

Lauschterenplay_arrow

Pensiounsreform: "Jiddereen ass betraff"

Een zentrale Punkt vun der Ried vum Premier Luc Frieden waren dann d'Pensiounen. Do ass d'Gewerkschaftlerin der Meenung, datt "d'Kaz elo aus dem Sak ass".   

"Dat ass warscheinlech déi gréisste Katastroph an deem État de la nation. (...) mir ginn nach méi laang schaffen. Dat ass dat Allerwichtegst, wat mir mussen zeréckbehalen. An dat war awer eppes, wou Dir wësst, datt mir eis och gewiert hunn an de Gewerkschaften dogéint."

Et géing an éischter Linn d'Jugend vun haut treffen, esou d'Nora Back. D'Pensionäre vun haut wieren nach net betraff. "Mee ab deem Moment, wou dat ëmgesat géif ginn, ass jidderee betraff", seet d'OGBL-Presidentin.

D’Nora Back géif an hirer Kritik och mat fir den LCGB schwätzen. Dat huet och den LCGB-Chef Patrick Dury eis géigeniwwer confirméiert. 

Lauschterenplay_arrow

Theema Sonndesaarbecht

Och datt d’ Regierung beim Theema Sonndesaarbecht hir Positioun net geännert huet, wier kee gutt Zeechen, esou d’Nora Back. De Premier hätt zwar gesot, datt d’Leit dierften an net misste Sonndes schaffen, allerdéngs géif dat an deene verschiddene Secteuren net der Realitéit entspriechen, dtat Leit dann haaptsächlech aus fräiem Wëlle sonndes schaffe géifen.