Radioen

On air

Notturno  |  Pearla - Strong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nordstream-Pipeline: Dänemark léisst d'Enquête falen - Just Däitschland ermëttelt nach virun

Méiglech Sabotage

Nordstream-Pipeline: Dänemark léisst d'Enquête falen - Just Däitschland ermëttelt nach virun

No Schweden huet elo och Dänemark d‘Enquête ronderëm d‘Sabotage-Aktiounen un der Nordstream-Pipeline fale gelooss. Déi dänesch Police huet d‘Enquête clôturéiert, well net genuch do wier, fir nach weider ze enquêtéieren.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Zoonar | Stefan Dinse

Och Schweden huet d‘Enquête scho clôturéiert, well d‘Affär net an hirem Ressort wier. Elo ass nach just Däitschland, dat nach weider ermëttelt.

Am September 2022 goufen et véier riseg Gas-Fuitten un der Pipeline, déi Gas aus Russland duerch d‘Ostsee an Däitschland liwwert. Do virdru waren et Explosiounen ënnert dem Mier ginn. Dänemark, Schweden an Däitschland hu bei der Enquête zesummegeschafft.