Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Mercy Feat. Laurel Halo

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Norwege mécht seng Grenz offiziell fir russesch Touristen zou

Wéinst dem Krich an der Ukrain

Norwege mécht seng Grenz offiziell fir russesch Touristen zou

Norwege mécht seng Grenze fir russesch Touristen zou. Si verléieren domat de leschten direkten Zougang zum Schengenraum.

auto_stories

1 min

Foto: Wikimedia Commons

Déi verschäerfte Reegele fir a Norwegen anzereese gëlle vum nächste Mëttwoch un, wéi déi norwegesch Justizministerin annoncéiert huet.

Et wier eng Reaktioun op deen illegalen Aggressiounskrich vu Russland op d‘Ukrain.

Ganz vill wäert dat awer net änneren. Schonn zënter dem Fréijoer 2022 stellt Norwege praktesch kéng Touristevisaen u Leit aus Russland aus.