Radioen

On air

Moiesstudio  |  The Jam - That's Entertainment

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nora Back: "Dat ass en Ugrëff op de Lëtzebuerger Sozialmodell"

Kollekvverträg ouni Aushandele mat Gewerkschaften

Nora Back: "Dat ass en Ugrëff op de Lëtzebuerger Sozialmodell"

Et gi gréisser Onstëmmegkeeten tëscht dem Aarbechtsminister an de Gewerkschaften iwwer d’Roll vu Gewerkschafte bei Kollektivverträg. Eng Réunioun vum Comité permanent du travail et de l’emploi, also tëscht dem Aarbechtsminister Georges Mischo, de Gewerkschaften an dem Patronat gouf um Dënschdegmoie fréizäiteg vun de Gewerkschafte verlooss.

auto_stories

2 min

Et wier een net averstane mat der virleefeger Propose vum Aarbechtsminister, datt an Zukunft Kollektivverträg an de Betriber sollen ouni Bedeelegung vun de Gewerkschaften ausgehandelt kënne ginn. Iwwer d‘Hallschent vun de Personaldelegéierten géifen nämlech net enger Gewerkschaft ugehéieren, esou de Georges Mischo an engem Schreiwes. An engem gemeinsame Communiqué soen déi dräi Gewerkschaften OGBL, LCGB a CGFP, d’Propos vum Aarbechtsministère wier awer eng rout Linn. Et wéilt een net an ee Sozialkonflikt geroden, seet dozou d’Presidentin vum OGBL, Nora Back.

"Mee dat wat de Moie passéiert ass, ass en Ugrëff op de ganze Lëtzebuerger Sozialmodell wéi mir hei zu Lëtzebuerg verfueren. Dir wësst mir hunn hei zu Lëtzebuerg relativ wéineg Streiken am Verglach mam Ausland an och mam direkten Ausland. An dat hunn mer well mir den Modell do hunn, well versicht gëtt Léisungen um Verhandlungsdësch zwëschent de Gewerkschaften an de Patronen ze fannen."

Ausso vun der Nora Back lauschterenplay_arrow

Et wier ee bereet, iwwer alles ze diskutéieren, wat zu bessere Kollektivverträg kéint féieren. Dat awer ënnert de Prämsiss, datt d'Regierung sech bekennt "zu deem wat an de Gesetzer steet, an datt dat muss tëschent dem Patronat an de Gewerkschafte verhandelt ginn.

Laut enger EU-Directive vun 2022 sollen an all Memberstaat op d'mannst 80 Prozent vun de Salariéen ënner engem Kollektivvertrag stoen. Zu Lëtzebuerg trëfft dat den Ament just op 53 Prozent zou. De Gewerkschaften no, hätt den Aarbechtsminister iwwerdeems an der Reunioun gesot, d’Gewerkschaften géifen an dësem Dossier keng Plus-Value an deenen Diskussiounen ëm d’Kollektivverträg duerstellen. D‘Propos vum Aarbechtsminister wier eng „brutal Attack op d’Aarbechtsrecht“, esou déi Lenk an engem Communiqué. 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft