Radioen

On air

Notturno  |  Brad Mehldau Trio - Nearness Of You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Okaju-Rapport: Méi Pediateren am Norden a méi Efforte géint sozial Ongläichheet néideg

Kannerrechter

Okaju-Rapport: Méi Pediateren am Norden a méi Efforte géint sozial Ongläichheet néideg

Den Accès zu Dokterssoine fir Kanner vun 0 bis 12 Joer an de Respekt vun de Rechter vum Kand stinn am Mëttelpunkt vum Joresrapport 2023 vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. Dee Rapport vu bal 350 Säite kruten d’Deputéiert am spéide Moien an der Chamber virgestallt.

auto_stories

1 min

De Charel Schmit ass Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. (Foto: Archiv)

Fir den Okaju misst et zum Beispill am Norde vum Land méi Zougank zu Pediatere ginn an et sollt méi géint d’Prekaritéit an d’sozial Ongläichheet ënnerholl ginn, déi en Afloss op Kanner hunn. Ënner anerem war gewuer ze ginn, datt den Aarmutsrisiko vu Kanner bis 17 Joer aktuell bei 24 Prozent läit, an datt zejoert 7 Mannerjäreger an de Schraasseger Prisong koumen, dorënner ee Kand vu manner wéi 14 Joer.