Radioen

On air

Notturno  |  Hania Rani - The Boat

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sou al wéi d’Mënschheet, sou kontestéiert wéi ni

Reprise vun der Juegd

Sou al wéi d’Mënschheet, sou kontestéiert wéi ni

D’Fédération Saint-Hubert des Chasseurs du Grand-Duché de Luxembourg geet dovun aus, datt déi nei Koalitioun méi eng frëndlech Approche vis-à-vis vun de Jeeër an der Juegd wäert hu wéi déi zwou blo-rout-gréng Regierungen. “Déi lescht zéng Joer ware fir eis net ëmmer schéin”, sot de Vize-President vun der FSHCL Marc Reiter am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

headphones

23 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

 

Besonnesch mam fréiere grénge Staatssekretär Camille Gira a mat der Ex-Ëmweltministesch Carole Dieschbourg wieren d’Relatiounen ëmmer schwiereg gewiescht. An de leschten 18 Méint, ënnert der neier Ministesch Joëlle Welfring, hätt d’Situatioun sech du entspaant.

Generell bedaueren d’Jeeër, datt hir Aktivitéit esou kritesch gesi gëtt. De Marc Reiter féiert dat ënnert anerem dorop zeréck, datt vill Leit  haut kee richtege Bezuch méi zu der Natur hunn.

"Dir hutt onmoosseg Experten dobaussen, déi eis alleguer wëllen erklären, wat mir solle maachen. Mee mir ginn alleguer scho ganz laang op d’Juegd. Datt een iwwer verschidde Saache kann diskutéieren, dat ass richteg. Mee eis brauch een eist Handwierk net ze erklären."

Lauschtert de ganzen Interview mam Marc Reiterplay_arrow