Radioen

On air

Notturno  |  Lucy Dacus - Vbs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pensiounssystem: D'Oppositioun ass alarméiert iwwer d'CSV-DP-Reform-Iwwerleeungen

No Kommissiounssitzung

Pensiounssystem: D'Oppositioun ass alarméiert iwwer d'CSV-DP-Reform-Iwwerleeungen

D’Oppositioun huet sech alarméiert gewisen, no der éischter Sitzung haut vun der Chamberkommissioun Gesondheet a Sécurité Sociale. An där Sitzung huet d’Ministerin Martine Deprez (CSV) d’Prioritéite vun der Regierung am Beräich vum Pensiounssystem presentéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambre des Députés

Et misst een zur Conclusioun kommen, datt d’CSV-DP-Regierung scho géif drun denke fir d’Leeschtunge vun der allgemenger Pensiounsversécherung zréck ze drécken, huet den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo gewarnt.

Méiglecherweis Leeschtungskierzungen oder méi héije Pensiounsalter

Et wéisst een elo, u wat d’Regierung denkt, esou den neien Oppositiounsdeputéierte Mars Di Bartolomeo, no der Entrevue mat der neier Sozialministerin.

„Do gëtt et dann nëmme Leeschtungskierzungen respektiv méi laang schaffen.“

D’Ministerin hätt an der Sitzung léif ausgedréckt, datt den Haaptregimm vum Pensiounsregimm an Zukunft vläicht net méi alles misst ofdecken, esou de gréngen Deputéierte François Bausch.

Déi Lénk schwätze vun "Attack op de Pensiounssystem"

De lénken Deputéierte Marc Baum huet vun enger geplangter Attack op de Sozialsystem a vu Sozialofbau geschwat. Et géif dorop eraus lafen, datt et an Zukunft nëmmen nach eng Minimalpensioun wäert ginn.

„Wou Grondbesoine just ofgedeckt sinn. An alles wat doriwwer eraus geet, sollen d’Leit sech gefällegst selwer versécheren. An dat ass ee Wee deen inacceptabel ass fir eis.“

DP an CSV verteidege Reform-Iwwerleeungen

Hien hätt d’Ministerin Martine Deprez net esou verstanen, datt et bei der allgemenger Pensiounsversécherung zu Verschlechterunge soll kommen, esou den DP-Depuéierte Gérard Schockmel. „Dat mengen ech, ass e bësse virun de Won gesprongen. Esou hunn ech et net eraus gelies.“

De Partei-Kolleeg vun der CSV-Ministerin a President vun der Chamberkommissioun Max Hengel huet no der Diskussioun iwwert de Pensiounssystem festgehalen.

„D’Zil muss et eben einfach sinn, datt déi, wou net kënne profitéieren, datt deenen hir Ofsécherung garantéiert ass. Dat ass dat Wichtegst. Dat ass eng Prioritéit. Do muss wierklech evitéiert ginn, datt et zu Aarmut kënnt.“

D’Ministerin Martine Deprez huet no der Sitzung erkläert, et géif ëm eng Diskussioun iwwert d’Architektur vum Pensiounssystem goen. Et kéint een den éischte Pilier fir eng Rëtsch Leit stäerken, an dofir den zweeten an drëtte Pilier méi interessant fir eng aner Kategorie vu Leit maachen. D’Consultatiounen doriwwer hätten haut eréischt ugefaangen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet
Politik a Gesellschaft