Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Optakt vum Luxembourg City Film Festival

Kultur

Optakt vum Luxembourg City Film Festival

Optakt den Owend vun der 14. Editioun vum Luxembourg City Film Festival. Den Ouvertures-Film am Kinepolis um Kierchbierg ass den Drama “The Outrun” vun der däitscher Realisatrice Nora Fingscheidt. Iwwer 120 Filmer wäerten am Laf vun den 10 Festivaldeeg gewise ginn.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Facebook / Luxembourg City Film Festival

Nieft de gewinnte Kompetitiounen, Fiktioun an Documentaire, den Avant-premièren Hors competition an dem Virtual Reality-Pavillon an der Abtei Neimënster, ginn och erëm spezifesch Lëtzebuerger Produktioune respektiv Co-Produktioune gewisen.

Deen an der Filmwelt bekannte mauretanesche Cineast Abderrahmane Sissako ass fir säi leschte Film “Black Tea” hei. Eng Lëtzebuerger Co-Produktioun, déi viru Kuerzem an der Kompetitioun vun der Berlinale gelaf ass.

Als leschte prominenten Numm hunn déi Responsabel vum Festival de Viggo Mortensen aus hirem Hutt gezaubert. Den amerikaneschen Acteur-Realisateur kënnt fir d’Präiszeremonie den 9. Mäerz säi Western “The Dead don’t hurt” virstellen, an deem e sech d’Affiche mat der Vicky Krieps deelt.

Vicky Krieps an der Jury

D’Lëtzebuergerin ass iwwregens Member vun der Jury vun der offizieller Kompetitioun, eng Jury, déi vum amerikanesche Realisateur Ira Sachs presidéiert gëtt.

Ënnert den nennenswäerten Evenementer op dësem Luxfilmfest ass sécherlech d’Präsenz vum chineeseschen Documentarist Wang Bing, deem seng Aarbecht méi ausféierlech ervir gehuewe gëtt. Dorënner d’Projektioun vu sengem leschte Film “Jeunesse” iwwer chineesesch Textilindustrie-Aarbeschterinnen an Aarbechter, d'Ausstellung “Memories” am Cercle Cité an eng Masterclass.

Gespaant sinn dierft een och op d’Masterclass vum radikale franséisch-argentinesche Realisateur Gaspard Noé, deen an der Vergaangenheet mat Filmer wéi “Irréversible”, “The Void” oder “Love” fir Kontroverse gesuergt hat.

Aktualitéit
Kultur