Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Cold Cold Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Santé rifft zur Iwwerpréiwung vum Impfstatus op

Optakt vun der Weltimpfwoch

D'Santé rifft zur Iwwerpréiwung vum Impfstatus op

Eng Impfung ass déi beschte Manéier, sech an d‘Gesellschafte virun Infektiounskrankheeten ze schützen. Dat schreift de Gesondheetsministère um Ufank vun der sougenannter Welt-Impf-Woch, déi haut um Mëttwoch ufänkt a bis nächsten Dënschdeg dauert.

auto_stories

1 min

D‘Santé rifft d‘Leit op, vun dëser Woch ze profitéieren, fir hiren Impfstatus op eventuell néideg Updaten ze iwwerpréiwen.

Lëtzebuerg hätt ënner den EU-Länner e besonnesch héischen Impftaux. Bei rezenten Ausbréch vu Riedele wier dowéinst hei am Land och keng Epidemie entstanen, sou de Gesondheetsministère.

D‘Gesondheetsministerin Martine Deprez gëtt am Communiqué mat folgender Ausso zitéiert: "Et kéint ee verstoen, datt verschidde Leit skeptesch iwwer Impfunge kënne sinn, mee d‘Vaccinen hätte gehollef, d‘Gefor vu Krankheeten, déi fréier déidlech waren, ze reduzéieren, oder ganz ze eliminéieren."