Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ PIB kéint em ee Prozent zeréck goen

STATEC

PIB kéint em ee Prozent zeréck goen

Ëm ee Prozent kéint de PIB dëst Joer zréck goen: Déi Lëtzebuerger Wirtschaft wier deemno an enger Rezessioun, sou de Statec an enger provisorescher Konjunkturprognos, déi fir d’Koalitiounsverhandlungen tëscht CSV an DP preparéiert gouf an déi d’Statistikamt elo publizéiert huet.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

Am Fréijoer war de Statec nach vun engem Wuesstem vum PIB ëm iwwer zwee Prozent fir 2023 ausgaangen. Zënterhier hu sech d’Aussiichte verschlechtert.

Dat gëllt och fir den Aarbechtsmaart: fir d’nächst Joer rechent de Statec mat enger manner staarker Croissance vum Emploi. A mat enger Hausse vum Chômage vun aktuell ronn 5 op bal 6 Prozent.

D’Präisdeierecht soll wéi erwaart weider erof goen. Mat enger nächster Indextranche ass dem Statec no warscheinlech am Hierscht 2024 ze rechnen.