Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patientevertriedung: Am Moment gi vill Krankschreiwungen vum Contrôle Medical refuséiert

Gesondheet

Patientevertriedung: Am Moment gi vill Krankschreiwungen vum Contrôle Medical refuséiert

D’Patientevertriedung huet an der Lescht ëmmer rëm Plaintë kritt wéinst dem Controle médical, deen an enger Rei vu Fäll, Krankeschäiner refuséiert huet, ouni Patient grëndlech ënnersicht ze hunn.

auto_stories

1 min

Op enger Pressekonferenz sot d‘Patientevertriedung de Moien och, datt et bei deene Kontrollen och dacks Kommunikatiounsproblemer wéinst der Sprooch ginn, oder well de Kontrolldokter net déi néideg Kompetenze fir eng spezifesch Krankheet hätt. Et wieren och Fäll ginn, wou den Aarbechtsdokter enger Persoun eng Incapacitéit unerkennt, déi awer vum Controle médical widderluecht gëtt. Et ginn zwar Recourse géint déi Decisiounen, mee déi Prozedur dauert laang.

De Generalist Dokter Eric Sassel, ass elo am gaangen eng initiative legislative citoyenne ze lancéieren. Déi muss vun 125 Persounen an enger éischter Phas ënnerstëtzt ginn an duerno vun 12.500 Bierger ënnerschriwwe ginn, fir eng Gesetzespropositioun an d’Weeër ze leeden.