arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Peter Freitag zu Geldstrof vun 2.500 Euro veruerteelt ginn

Calomnie an Diffamatioun

|
reading time

1 min

Peter Freitag zu Geldstrof vun 2.500 Euro veruerteelt ginn

De Peter Freitag ass am Nomëtten um Stater Geriicht zu enger Geldstrof vun 2.500 € verurteelt ginn; donieft muss hien den zwou Parties civilen, dem Psychiater Dr Cloos an der pensionéierter Gynekologin Dr. Schmit, all Kéiers 1.000 € Schuedenersatz bezuelen.

reading time

1 min

Den 48 Joer ale Corona-Impfgéigner hat de Prozess gemaach kritt wéinst Calomnie an Diffamatioun, well hien déi zwee Dokteren als “Schüler vum NS-Dokter Mengele” an als “Coronazien” titeléiert hat; si hate sech am Oktober 2021 fir Corona-Impfungen ausgeschwat.