Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pilotprojet zur Stater Gemengepolice gëtt 1. Juli presentéiert

Froestonn am Stater Gemengerot

Pilotprojet zur Stater Gemengepolice gëtt 1. Juli presentéiert

D’Gemengepolice an der Stad a Mëssstänn am Schoulfoyer Hamm. Dat waren ënner anere Sujeten, an de Froe vu Conseilleren un de Stater Schäfferot. D'Buergermeeschtesch huer annoncéiert, datt den Inneminister zesumme mat hir a mam Escher Buergermeeschter den entspriechende Pilotprojet den 1. Juli presentéiere géif.

auto_stories

2 min

Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg

De François Benoy huet gefrot, ob seng Informatioune stëmme géifen, datt d’Gemengepolice aus 4 Poliziste bestoe sollt. Sollt dat de Fall sinn, da misst een éischter vun engem Marketing-Gag schwätzen. D’Lydie Polfer mengt dozou, datt sech a Saache Sécherheet ganz vill geännert hätt.

Déi konsequent Opstockung vun der Police a méi Presenz um Terrain hätte vill bewierkt, sou d’Stater Buergermeeschtesch. Wat d’Gemengepolice ugeet, misst sech de grénge Politiker nach gedëllege bis den 1. Juli. Da géif den Inneminister zesumme mat der Stater Buergermeeschterin an dem Buergermeeschter vun Esch den entspriechende Pilotprojet presentéieren. Iwwert d’Kompetenzopdeelung géif een da méi gewuer ginn.

D'Lydie Polfer garantéiert awer, datt et sech ëm méi wéi 4 Beamten handelt. 

Nom Pilotprojet géifen da Conclusioune gezu ginn a géif gekuckt ginn, ob dat, wat virgesi war, wäit genuch geet.

Schwiereg Situatioun an engem Schoulfoyer zu Hamm

D’Christa Brömmel vun déi gréng dann huet drop higewisen, datt sech verschidden Eltere vu Schüler aus dem Schoulfoyer Hamm iwwert d’Behuelen an d’Kompetenze vun enger Féierungspersoun beklot hätten. Rieds war ënner anerem vun Intimidatioun, Menacen a sexisteschen Aussoen.

De Schoulschäffe Paul Galles huet gesot, dat wier e kriddelege Sujet, woufir een net alles dozou soe kéint. Et hätt een awer och Reklamatioune kritt an direkt reagéiert.

Et wier, wat dat Beispill betrëfft, direkt d’Sanctiounen ergraff ginn, fir eng Persoun ofzezéien. Ze kucke wär elo, wat d’Suite dovun ass!

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft